
Wéinst dem grousse Bëschfeier am Héije Venn an der Belsch ass de Moment jo plazeweis e staarke Brandgeroch wouer ze huelen an Damp a verschiddenen Deeler vum Land ze bemierken. Déi lëtzebuergesch Autoritéite suivéieren d'Situatioun genee, heescht et e Sonndeg den Owend an enger Reaktioun säitens der Lëtzebuerger Regierung.
Eng interministeriell Evaluatiounscellule huet sech de Sonndegnomëtteg getraff, fir méiglech Konsequenze fir de Grand-Duché ze bewäerten. No aktuellen Erkenntnisser gëtt et momentan keng gesondheetlech Bedenke fir d'Bevëlkerung. Allerdéngs kann den Damp d'Otemweeër reizen, besonnesch bei empfindleche Persounen.
Wéi d'Situatioun sech weiderentwéckelt, hänkt vum Wand of. Dësen soll am Laf vum Sonndeg den Owend Richtung Norden dréien, wat den Trajet vum Damp natierlech beaflosse wäert.
An der Cellule d’évaluation interministérielle dobäi waren: D'Ëmweltverwaltung, de CGDIS, d'Direktioun vun der Santé, den Haut-Commissariat à la protection nationale (HCPN) an d'MeteoLux.
D'Autoritéiten leeën Awunner déi vum Damp an dem Geroch betraff sinn, dës Verhalensreegele un d'Häerz:
Um Kuerz virun 20 Auer goung heizou och nach eemol eng LU-Alert SMS un d'Populatioun

D'Rettungsdéngschter erënneren drun, datt de Brandgeroch eleng kee Grond ass fir, d'Noutruffnummer ze blockéieren. Den 112 soll nëmmen da geruff ginn, wann eng direkt Gefor besteet, eng Persoun an Nout ass oder en neien, lokale Brand festgestallt gëtt.
Weider offiziell Informatiounen an Updates ginn iwwer d'App "Meng Loft", MeteoLux an de Sécherheets-System LU-Alert kommunizéiert.
Hei Linken zu de Siten: www.emwelt.lu, www.infocrise.lu, www.lu-alert.lu, www.meteolux.lu