No der batterer 1:5-Néierlang vun de Bayern zu Frankfurt koum e Sonndeg den Owend d'Nouvelle vun der Entloossung vum kroateschen Trainer.

D'Entscheedung wier gefall: den FC Bayern München huet e Sonndeg den Owend den Trainer Niko Kovac entlooss. Dat huet de Veräin e Sonndeg den Owend offiziell bestätegt.

D'Resultater an de leschte Matcher vum FCB waren net esou, wéi ee sech dat virgestallt hat. Den Déifpunkt war e Samschdeg um 10. Spilldag vun der Bundesliga bei der 1:5-Néierlag vun de Bayern zu Frankfurt.

Als Interimstrainer spréngt den Hansi Flick an. Den Däitsche war bis elo Co-Trainer.