Um Dënschdeg den Owend koum d'Noriicht, datt d'Spurs d'Zesummenaarbecht mam argentineschen Trainer op en Enn bruecht hunn. De José Mourinho gëtt Nofolger.

Knapp een halleft Joer, nodeems sech Tottenham an der Champions-League-Finall géint Liverpool huet misse geschloe ginn, hunn d'Spurs net méi richteg an d'Bunn fonnt.

© afp (Archiv)

En Dënschdegowend huet de Futtballveräin aus London dofir ee Schlussstréch ënner d'Zesummenaarbecht mam Trainer Mauricio Pochettino gezunn. Aus 12 Matcher sinn d'Spurs just dräimol als Gewënner ervirgaangen. An der Tabell sti si op der 14. Plaz mat engem Réckstand vun 20 Punkten op den Tabelleleader aus Liverpool.

Um Mëttwoch de Moie war et dann d'Nouvelle, dass de José Mourinho elo neien Trainer bei Tottenham gëtt. Hien huet e Kontrakt bis 2023 ënnerschriwwen.