Um duebele Spilldag hu sech e Sonndeg am Spëtzematch Jonglënster a Schëffleng mat engem 4:4 getrennt, soss sinn d'Favoritten hirer Roll gerecht ginn.

E Sonndeg goufen et um duebele Spilldag an der Badminton-Nationaldivisioun net vill Iwwerraschungen.

Deemno konnt Europeen mat 6:2 géint Feelen gewannen. Schëffleng huet sech mat 7:1 géint Keel duerchgesat. Diddeleng konnt mat engem 5:3 wichteg Punkte géint Kielen huelen. An engem spannenden an enke Spëtzematch hu sech Jonglënster a Schëffleng mat engem 4:4 getrennt. Europeen huet sech misste mat 1:7 géint Jonglënster geschloe ginn a Feelen a Kielen hu sech 1:7 getrennt. 

Déifferdeng war fir béid Matcher aus Protest wéinst engem Asproch de leschte Spilldag duerch Jonglënster de Sonndeg net ugetrueden. D'Decisioun iwwer dësen Asproch steet nach aus. Keel an Diddeleng hun domat e Sonndeg de Moien respektiv e Sonndeg de Mëtteg Forfait gewonnen.

© Feluba