Entwarnung: Solarpannoen hate gebranntBrand um Site vun Indorama-Fabrick zu Stengefort ass aus, Awunner hate Warn-SMS kritt

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg am Nomëtteg gouf zu Stengefort e Brand um Site vun der Fabrick vun Indorama-Ventures an der Rue Schwarzenhof gemellt.

Wéi et vun der Police heescht, hätt et baussen um Site gebrannt, et soll sech RTL-Informatiounen no ëm Solarpannoe gehandelt hunn. Och d'Gemeng selwer hat de Brand e Samschdeg Nomëtteg confirméiert. An engem Facebook-Post huet et geheescht, d'Situatioun wier "mëttlerweil ënner Kontroll". D'Feier ass antëscht aus, et gouf kee blesséiert, sou de Chef vun den Asazekippen op der Plaz.

Och gëtt confirméiert, datt d'Awunner aus der Stengeforter Gemeng eng Warn-SMS iwwer LU-Alert kruten. Dëst gouf "preventiv" gemaach, krute mir géigeniwwer vun der Plaz confirméiert.

Weider heescht et, dass d'Personal aus der Firma zu deem Moment am Congé war, respektiv ass.

© Screenshot vu Facebook

An dëser Noriicht goufen d'Residenten opgefuerdert, Dieren a Fënsteren zouzeloossen, de concernéierte Beräich z'evitéieren an d'Weeër fir d'Rettungsgefierer fräizehalen.

Dëse Message kruten d'Awunner aus der Gemeng Stengefort
Dëse Message kruten d'Awunner aus der Gemeng Stengefort
© Screenshot

Back to Top
CIM LOGO