An der Premier League gouf et fir Leicester eng 4:2-Victoire géint Manchester United a Liverpool huet Watford mat engem 5:0 keng Chance gelooss.

An der Bundesliga war et e Samschdeg d'Suite vum 8. Spilldag.

Premier League

Watford - Liverpool 0:5
0:1 Mané (9'), 0:2 Firmino (37'), 0:3 Firmino (52'), 0:4 Salah (54'), 0:5 Firmino (90+1')

Liverpool huet Watford mat engem souveräne 5:0 keng Chance gelooss. De Firmino huet sech an exzellenter Form gewisen a mat sengem Dräierpack e groussen Deel zur Victoire bäigedroen.

Leicester - Manchester United 4:2
0:1 Greenwood (19'), 1:1 Tielemans (31'), 2:1 Söyüncü (78'), 2:2 Rashford (82'), 3:2 Vardy (83'), 4:2 Daka (90+1')

Fir Leicester City gouf et eng 3:2-Victoire géint Manchester United. Dobäi haten d'Red Devils eigentlech de bessere Start erwëscht a waren no 19 Minutten duerch de Greenwood a Féierung gaangen. Duerno huet d'Ekipp vu Leicester awer eng Äntwert gewisen a konnt de Spillstand zu senge Gonschten dréinen. Ronn zeng Minutte viru Schluss konnt de Rashford dann op 2:2 ausgläichen, ma nëmmen eng Minutt méi spéit huet de Vardy d'Féierung nees hiergestallt. Den Doku huet dann nach mam 4:2 den Deckel dropgemaach a sou de Match entscheet.

Manchester City - Burnley 2:0
1:0 Bernardo Silva (12'), 2:0 De Bruyne (70')

Brentford - Chelsea 0:1
0:1 Chilwell (45')

Chelsea huet knapp mat 1:0 zu Brentford gewonnen. Den Opsteiger huet iwwert de ganze Match gutt matgehalen, de Golkipp vu Chelsea Edouard Mendy huet alles gehale wat op säi Gol koum. Den entscheedende Gol huet de Ben Chilwell kuerz virun der Paus markéiert. Chelsea bleift domadder weiderhin op der éischter Plaz an der Tabell.

Serie A

Lazio - Inter 3:1
0:1 Perisic (12', Eelefmeter), 1:1 Immobile (64', Eelefmeter), 2:1 Felipe Anderson (81'), 3:1 Milinkovic-Savic (90+1')

An Italien huet den aktuelle Meeschter Inter bei der Lazio déi éischt Defaite vun der Saison missen astiechen. D'Nerazzurri ware no engem Eelefmeter vum Perisic a Féierung gaangen a si konnte mat dem Virsprong och an d'Paus goen. An der zweeter Hallschent huet Lazio de Match an d'Hand geholl a no enger gudder Stonn huet den Immobile mat engem weideren Eelefmeter den 1:1 markéiert. An enger animéierter Schlussphas konnt d'Heemekipp zwee weider Goler schéissen. Um Enn huet Lazio sech verdéngt mat 3:1 duerchgesat.

AC Mailand - Hellas Verona 3:2
0:1 Caprari (7'), 0:2 Barak (24'), 1:2 Giroud (59'), 2:2 Kessié (76', Eelefmeter), 3:2 Günter (78', Selbstgol)

Den AC Mailand huet déi véiert Victoire hannertenee gefeiert. Mat 3:2 huet d'Ekipp vum Stefano Pioli Hellas Verona geklappt. An der éischter Hallschent hat et awer staark no enger Victoire vun de Gäscht ausgesinn. Si louche mat 2:0 a Féierung. An der zweeter Hallschent huet den AC awer Drock gemaach an um Enn nach dräi Goler geschoss.

Ligue 1

Clermont - Lille 1:0
1:0 N'Simba (32')

Um 10. Spilldag huet en Opsteiger fir eng Iwwerraschung géint den OSC Lille gesuergt. Ee Gol vum N'Simba ass Clermont duergaange, fir sech déi dräi Punkte géint den aktuelle franséische Champion ze sécheren.

Lyon - Monaco 2:0
1:0 Ekambi (75', Eelefmeter), 2:0 Denayer (90')

Duerch eng 2:0-Victoire huet Lyon Monaco an der Tabell iwwerholl a steet lo mat 16 Punkten op der 5. Plaz. Lyon ass an der 75. Minutt duerch en Eelefmeter a Féierung gaangen. Monaco huet nach emol probéiert ze reagéieren, mee an der leschter Minutt huet den Denayer fir d'Heemekipp den Deckel drop gemaach.

La Liga