Lëtzebuerger Futtballer am AuslandWichteg 3 Punkte fir Aue mat Carlson an Kips, Néierlage fir Martins an Ikene

RTL Lëtzebuerg
Virun den eegene Spectateuren huet Huddersfield 2:2 d'Queens Park Rangers gespillt. En 1:1 gouf et an der 2. Bundesliga tëscht Sandhausen a St. Pauli.
© AFP (Archiv)

Vill Goler gouf et tëscht dem SC Verl an dem FC Magdeburg, d’Gäscht konnte sech an engem Match, wou et hin an hier goung, zum Schluss mat 5:4 duerchsetzen, dat awer ouni den Eldin Dzogovic, deen net am Kader war.

Wichteg dräi Punkte gouf et da fir Erzgebierge Aue mam Dirk Carlson, deen 90 Minutte gespillt huet an Tim Kips, deen net am Asaz war, beim FC Heidenheim. D’Gäscht konnte sech 2:0 behaapten an esou d’Hoffnung, fir den Ofstig awer nach verhënneren ze kënnen, oprecht erhalen. Si hunn aktuell 7 Punkte Retard op d’Relegatiounsplaz an 12 Punkte kënne si nach huelen.

Just en 1:1 gouf et fir OFI Kreta mam Vahid Selimovic, deen de ganze Match iwwer op der Bänk souz, bei Atromitos. D’Heemekipp war no 10 Minutten duerch de Klonaridis a Féierung gaangen an quasi direkt no der Paus konnt de Phellype ausgläichen. An der Relegatiounsgrupp bleift Kreta domadder un der Spëtzt, huet awer nach just ee Punkt Avance op Tripolis.

90 Minutte laang stoung den Marvin Martins bei Austria Wien um Terrain. Leider sollt et fir de Lëtzebuerger a seng Ekipp awer net duergoen, fir Punkte géint Salzburg matzehuelen. No 52 Minutten waren d’Gäscht a Féierung gaangen, 10 Minutte méi spéit huet de Jukic vum Punkt Wien zeréck an de Match bruecht. An der 78. Minutt ass dunn den entscheedende Gol duerch de Sucic fir RB Salzburg gefall.

A Bulgarien war den neie Veräin vum Enes Mahmutovic ZSKA Sofia am Derby géint Levski Sofia am Asaz, dat awer ouni de Lëtzebuerger. Hei konnt sech beim 0:0 keng Ekipp duerchsetzen.

De Farid Ikene stoung bei der 0:1-Néierlag vum Jammerbugt bei Hobro an der dänescher Liga 83 Minutten um Terrain, éier hien ausgewiesselt gouf an duerch den anere Lëtzebuerger Yan Bouche ersat. No ronn enger Stonn gouf och de Leonel Gomes agewiesselt. Getraff fir d’Heemekipp hat den Elkaer an der 48. Minutt.

Dat selwecht negatiivt Resultat gouf et op Zypern fir dem Tim Hall säi Veräin Achnas, woubäi de Lëtzebuerger net am Kader war. Si hu sech bei Omonia Nikosia misste geschloe ginn, de Gol ass an der 84. Minutt duerch den Kakoullis gefall.

An der Slowakei war de Veräin vum Edin Osmanovic ouni de Lëtzebuerger am Asaz fir Sered gouf et dann awer doheem eng 0:2-Néierlag géint Spartak Trnava, no engem Gol vum Savvidis vum Punkt no 69 Minutten an duerch de Yusuf no 81.

Ouni de Maxime Chanot konnt sech New York City kloer mat 6:0 géint Real Salt Lake duerchsetzen. Dobäi huet de Castellanos véier Mol getraff an den Andrade zwee Mol.

An der tierkescher zweeter Divisioun waren den Oli Thill an de Gerson Rodrigues bei hirem neie Veräin vun Eyüpsor am Asaz, dat auswäerts bei Samsunspor. Um Enn vum Match, wou béid Lëtzebuerger 90 Minutte gespillt hunn, gouf et en 2:2. Eyüspor bleift domadder op der 5. Plaz an domadder enger Qualfikatiounsplaz fir den Ofstigs-Play-Off.

Samschdeg

Den Optakt vun der Lëtzebuerger Futtball am Ausland huet e Samschdeg de Maurice Deville mam FC Sandhausen gemaach. Fir déi Sandhausener gouf et dobäi e wichtege Punkt am Ofstigskampf, nodeem si doheem dem Opstigskandidat St. Pauli en 1:1 oferkämpft hunn. Den Deville gouf dobäi an der 91. Minutt agewiesselt.

An der 1. Bundesliga war de Leandro Barreiro mat Mainz 05 géint de VfB Stuttgart gefuerdert. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 69. Minutt agewiesselt, konnt seng Ekipp bei dësem 0:0 awer net an d’Gewënnerspuer bréngen.

Fir de Sébastien Thill mat Sheriff Tiraspol hat et u sech gutt ausgesinn, nodeem si no 15 Minutten duerch den Pernambuco a Féierung gaange sinn. Ma de Burghiu vu Zimbru Chisinau huet an der 79. Minutt den Ausgläich markéiert an et ass bis zum Schluss beim 1:1 bliwwen. Esou muss d’Meeschterfeier ëm op d’mannst eng Woch verluecht ginn.

Mam Mathias Olesen war e weidere Lëtzebuerger an der Bundesliga e Samschdeg am Asaz. Hie souz awer 90 Minutten iwwer op der Bänk, wéi säin FC Köln de Rhein-Derby zu Mönchengladbach 3:1 gewonne konnt.

Kee gudden Dag fir de Mica Pinto an de Laurent Jans mat Sparta Rotterdam. De leschten aus der Eredevise huet sech an engem Kellerduell 0:3 géint Fortuna Sittard misste geschloe ginn. Bei enger Victoire wieren déi Rotterdamer esouguer vun enger Ofstigsplaz geklommen. De Mica Pinto huet déi 90 Minutten duerchgespillt, de Laurent Jans gouf virum Ufank vun der der 2. Hallschent agewiesselt.

Den Eric Veiga souz bei Vilafranquense de ganze Match iwwer op der Bänk. Beim CD Feierense, déi nach ëm den Opstig an déi 1. portugisesch Liga matspillen, konnte si en 1:1 eraushuelen. Esou bleift Vilafranquense op der 11. Plaz am Mëttelfeld, dat mat 9 Punkten Avance op d’Ofstigs- an 9 Punkte Retard op d’Opstigsplazen.

Freideg

© Val Wagner (Archiv)

Um 42. Spilldag an der englescher Championship ass e Freideg Huddersfield mam Danel Sinani trotz enger zweefacher Féierung net iwwert een 2:2-Remis géint d’Queens Park Rangers erauskomm. De Sinani stoung beim Heemmatch vun Ufank un um Terrain a gouf an der 75. Minutt ausgewiesselt.

Huddersfield steet mat 70 Punkten op der 3. Plaz an der Tabell.

Back to Top
CIM LOGO