
Borussia Dortmund - VFL Wolfsburg 6:1
1:0 Rothe (24'), 2:0 Witsel (26'), 3:0 Akanji (28'), 4:0 Can (35'), 5:0 Haaland (38'), 6:0 Haaland (54'), 6:1 Baku (82')
Beim BVB ass déi éischt Hallschent alles esou gelaf, wéi een dat geplangt huet. Anescht kann een eng 5:0-Féierung no 45 Minutten net beschreiwen. Eenzeg Chance déi d’Gäscht haten, war no 3 Minutten an do war de Golkipp vun Dortmund op sengem Posten. Dono huet Dortmund de Match u sech gerappt an hat grad tëscht der 24. an 28. Minutt grousse Succès mat 3 Goler an dëser kuerzer Zäit. Mat engem komfortabelen Ecart, si hunn nach zwou wieder Kéiere getraff, sinn déi Schwaarz-Giel dunn an d’Paus gaangen. Ma den aktuellen Tabellenzweeten hat nach net genuch an huet sech weider Chancen erausgespillt a verschiddener, wéi den Haaland an der 54. Minutt, och genotzt. Esou vill grouss Chancen, wéi an den éischte 45 Minutte gouf et dunn net méi, ma béid Ekippen hunn déi puer, déi se haten, du leie gelooss. Bis an der 82. Minutt, wéi de Baku e bësse Kosmetik bedriwwen an d’Resultat op 1:6 verkierzt huet. Bei deem klore Resultat ass et dann och bliwwen.
SC Freiburg - VFL Bochum 3:0
1:0 Kübler (5'), 2:0 Sallai (16'), 3:0 Sallai (53')
Mat engem fréie Gol huet Freiburg doheem d’Weeche gestallt, wéi dëse Match lafe sollt. Fir den aktuell 5. an der Tabell muss et bal Flicht sinn, dëse Match ze gewannen, fir un den Champions-League-Plazen drunzebleiwen. No eppes méi wéi enger Véierelsstonn huet de Sallai dann d’Aussiichten op 3 Punkten op dësem Samschdeg duerch den 2:0 däitlech verbessert. Dee Sallai huet da mat sengem zweete perséinleche Gol an dësem Match no 53 Minutte fir en Virentscheedung gesuergt an de Favorit an dësem Match hat eng kloer Avance. Datt Bochum nach zeréck an de Match kéint kommen, ass no 68 Minutte méi onwarscheinlech ginn, well hei mam Stafylidis wéinst engem schlëmme Foul Rout gesinn huet. Kuerz drop gouf dann och de Bochumer Trainer op d’Tribün geschéckt, wéinst onsportlechem Verhalen. Bochum konnt net méi zeréckkommen a Freiburg huet net weider gedréckt, esou datt et bei dëser komfortabeler Victoire bliwwen ass.
FC Augsburg - Hertha BSC Berlin 0:1
0:1 Selke (48')
An engem direkten Duell am Ofstigskampf ware béid Ekippe gefuerdert, fir sech dräi Punkten ze sécheren, ma an den éischte 45 Minutte gouf et ganz wéineg Grousschancen, esou datt et mat engem 0:0 an d’Paus goung. Ma knapp 4 Minutte nom Säitewiessel ass d’Ekipp aus der Haaptstad duerch de Selke a Féierung gaangen. Augsburg hat kuerz nom Gol eng gutt Chance op den Ausgläich, ma de Gregoritsch huet just d’Lat getraff. Dono gouf et keng weider richteg Chancë méi, esou datt sech d’Hertha an dësem Kellerduell dräi wichteg Punkte séchere kann.
FSV Mainz 05 - VfB Stuttgart 0:0
Änlech wéi Augsburg an d’Hertha brauch och Stuttgart wichteg Punkten am Ofstigskampf. Mainz huet zwar domadder näischt méi ze dinn, mä mat 3 Punkte wier een nees méi no um internationale Geschäft. Ma och hei konnt keng Ekipp sech an den éischte 45 Minutten duerchsetzen. En änlecht Bild an der zweeter Hallschent, wou keng Ekipp wierklech zwéngend virum Gol war. Wa mol e Schoss koum, ware béid Goalkeeper hellwaakreg respektiv hunn d’Stiermer de Gol net getraff. Esou bleift et bei engem 0:0, deen net wierklech eng Ekipp weiderbréngt. Bei de Mainzer stoung de Leandro Barreiro déi lescht 20 Minutten um Terrain.
Borussia Mönchengladbach - FC Köln 1:3
0:1 Modeste (5'), 0:2 Kainz (20'), 0:3 Ljubicic (34'), 1:3 Embolo (85')
Vun Ufank un huet eng Ekipp dëse Rheinderby dominéiert, dat waren d’Gäscht aus Köln. No 5 Minutten huet de Modeste déi éischte Kéier getraff, no 20 huet de Kainz op 2:0 erhéicht an no 34 Minutten huet de Ljubicic esouguer den 3:0 geschoss, deen awer duerch de VAR huet misste confirméiert ginn. Galdbach dogéint hat just eng richteg Chance, mat an der 28. Minutt hat den Hofmann de Gol bei sengem Ofschloss knapp net getraff. Déi zweet Hallschent war däitlech manner furios, wéi nach déi éischt 45 Minutten. Gladbach konnt duerch den Embolo an der 85. Minutt d’Resultat nach eng Kéier op 3:1 verkierzen, woubäi et dann och bliwwen ass. Esou konnt de Lëtzebuerger Mathias Olesen, deen déi 90 Minutten iwwer op der Bänk souz, nom Match feieren.