
© RTL (Archiv)
Wéi den HB Diddeleng e Samschdeg matdeelt, ersetzt de Yannick Archer den Erny Hoffmann a gëtt vum 16. Januar un Trainer vun der éischter Dammenekipp.
Bis dohinner iwwerhëlt d’Fiona Carrara den Interim. De Yannick Archer war vun 2003 bis 2006 als Spiller beim HBD, éier hien fir 4 Joer op Metz gaangen ass.
Och als Trainer kennt den Archer Diddeleng schonn. An der Saison 2011-2012 ass hien als Trainer vun der Härenekipp lëtzebuergesche Champion ginn. Vun 2018 bis Oktober 2022 war de Fransous als Trainer bei den Damme vu Montigny-les-Metz aktiv.
Am meeschte gelies