De Stade de Luxembourg ass fir d‘Heemmatcher vun der Lëtzebuerger Futtballnationalekipp fir déi ganz EM-Quali esou gutt wéi ausverkaf.

Dat huet d‘FLF um Freideg den Owend matgedeelt.

Déi ronn 7.000 Abonnementer, déi am fräie Verkaf waren, sinn all fort. De Rescht vun den 2.200 Billjeeë si fir d‘Supporter vun de Gaaschtekippen, fir d‘Fifa, d‘Uefa, d‘Veräiner vun der FLF, Sponsore sou wéi och nach fir aner Obligatiounen.

Et kéint awer sinn, datt eng limitéiert Zuel vun Abonnementer nach eng Kéier an de fräie Verkaf géif kommen. Den éischten Heemmatch vun de Roude Léiwen ass den 26. Mäerz géint Portugal.