Tennis
Nadal rutscht no bal 18 Joer aus den Top 10 vun der Weltranglëscht

© AFP
Eng vun de beandrockendste Rekord-Serien am Tennis ass eriwwer. No 18 Joer rutscht de Rafael Nadal nees aus den Top 10 vun der Weltranglëscht eraus.
De blesséierte Grand-Slam-Rekordgewënner steet zanter e Méindeg "just" nach op der 13. Plaz am ATP-Ranking. Virdrun huet hien 912 Wochen um Stéck zu den 10 beschten Tennisspiller op der Welt gehéiert.
De 25. Abrëll 2005 war den deemools 18 Joer alen Nadal eng éischte Kéier an d'Top 10 gerutscht.
Am meeschte gelies