Well d'Partie tëscht dem direkte Konkurrent Bordeaux a Rodez um leschte Spilldag ofgebrach gouf, kann een nach net zu 100 Prozent sécher sinn.

Den FC Metz huet e Freideg den Owend an der Ligue 2 seng Aufgab en vue vun engem méiglechen Opstig an déi héchst franséisch Liga erfëllt. Mat 3:2 huet ee sech géint den SC Bastia behaapt. Nach kann een den Opstig awer net feieren, well de Match vum direkte Géigner am Opstigsduell Bordeaux ofgebrach gouf.

Nodeems e Spiller vu Rodez seng Ekipp a Féierung geschoss hat, gouf hie beim Feiere vu senge Gol um Terrain vun engem Supporter vu Bordeaux attackéiert. Den Arbitter huet de Match doropshin ofgebrach.

RTL

De Rodez-Spiller Lucas Buades gouf vun engem Supporter vu Bordeaux attackéiert / © AFP

Bordeaux riskéiert, de Match elo um gréngen Dësch ze verléieren. Wat d'Enn vun den Opstigshoffnungen an den direkten Opstig vu Metz bedeite géif. Eng Decisioun dierft e Méindeg falen, da kënnt d'Disziplinarkommissioun zesummen.

President vu Girondins Bordeaux ass de Lëtzebuerger Gerard Lopez.

De Sabaly (31') an de Maziz (51') haten den FC Metz mat 2:0 a Féierung bruecht. An der 61. Minutt hat den agewiesselte Lëtzebuerger Nationalspiller Florian Bohnert Bastia op 1:2 nees erubruecht. An der 75. Minutt konnt de Maziz mat engem weidere Gol de Score op 3:1 erhéijen. Bastia konnt duerch de Schur (86') nach emol verkierzen, ma um Enn ass et beim 3:2 fir Metz bliwwen.