No enger 3:0-Victoire doheem ass dem VFB Stuttgart eng weider Victoire beim Hamburger SV gelongen, fir esou d'Klass ze halen.

D'Heemekipp war sech driwwer kloer, datt si fréi missten e Féierung goen, wa si dëse 0:3-Réckstand aus dem Allersmatch dréine wéilten. An dat ass hinnen och gelongen. Eng gutt Pass vum Dombe huet de Kittel fonnt, deen ouni Problemer den 1:0 fir den HSV markéiere konnt, dat no grad emol 6 Minutten. Kuerz drop hat den HSV Chance, well den Arbitter nom Bléck op de VAR den Ausgläichstreffer duerch de Guirassy wéinst engem Foul zeréckgezunn huet. Virun der Paus hate béid Ekippen nach d'Chance op e Gol, konnten déi awer net notzen.

Nom Téi hunn d'Gäscht dunn zougeschloen. De Guirassy huet an der 48. Minutt de Millot fonnt, deen den 1:1 geschoss huet. Stuttgart war dono besser an an der 64. Minutt huet de Millot e Feeler vum Fernandes am Gol vum HSV genotzt, fir den 2:1 ze schéissen. Dëst huet de Fans awer och den HSV-Spiller net gefall, et si Becheren op den Terrain geflunn an et war tëscht de Spiller Gedrécks a keng frëndlech Wierder, déi ausgetosch goufen, mam Resultat: 2:1 fir Stuttgart a véier giel Kaarten no dëser Aktioun, zwou fir all Veräin.

Hamburg huet sech nom Réckstand net opginn an alles no Vir gehäit. Dobäi sinn zwar Chancen erausgesprongen, ma keng Goler. De Match ass an de leschte Minutten och méi haart ginn an den Arbitter huet ëmmer mol nees an d'Täsch misste gräifen, fir eng giel Kaart erauszehuelen.  An der 96 Minutt huet den Silas dann nach den 3:1 fir de VFB geschoss an domadder och dës Victoire geséchert. Stuttgart bleift also an der Bundesliga, den HSV muss weider vun der héchster däitscher Spillklass dreemen.

[commments]