D'Jeanne Lehair huet sech bei der World Triathlon Championship Series (WTCS) zu London als Aacht klasséiert. Domat läit d'Lëtzebuerger Triathletin no der Course aktuell op der fënnefter Plaz am Generalklassement vun der WM-Serie.
Zu London waren all d'Favorittinnen aus der Weltspëtzt um Depart. Eng staark Performance am Waasser huet et der Lëtzebuerger Athletin erlaabt, am Vëlo an enger klenger Spëtzegrupp matzefueren.
An der Hallschent vum Vëlosparcours ass dës Grupp allerdéngs ageholl ginn, esou datt d'Entscheedung eréischt beim Lafe gefall ass. Do konnt d'Jeanne Lehair hir Positioun an den Topp 10 behalen a koum als Aacht an d'Zil.
An der WTCS-Serie stinn dës Saison nach dräi Coursen um Programm, dorënner och d'Weltmeeschterschaft, wou si nach weider Plaze guttmaache kann.
Elo steet fir d'Lëtzebuerger Triathletin fir d'éischt eng kuerz Paus um Programm, ier d'Virbereedung fir déi nächst international Rendez-vouse lass geet.