Um zweete Spilldag sinn Hueschtert-Folscht, Houwald a Recken hirer Favoritteroll gerecht ginn, wärend Berbuerg géint Diddeleng iwwer déi ganz Distanz goung

De Spëtzematch vum zweete Spilldag war de Match Rued géint Lénger, wou zwee direkt Konkurrenten ëm d'Playoff-Plazen openee getraff waren. Lénger louch séier 4:0, woumat et fir Rued extreem schwéier gouf. Lénger gewënnt um Enn kloer 6:1 zu Rued a mellt sech no der Néierlag um éischte Spilldag androcksvoll zeréck.

De Champion Hueschtert-Folscht goung als héije Favoritt an de Match géint den Opsteiger Lëntgen a sollt dëser Roll och gerecht ginn. D'Ekipp ronderëm de Maël van Dessel setzt sech kloer mat 6:1 duerch. Den Houwald huet sech mam selwechte Resultat zu Iechternach behaapt, genee wéi Recken géint d'Union.

Déi spannendst Partie gouf et zu Berbuerg, wou d'Lokalekipp sech no 10 Sätz 6:4 géint Diddeleng duerchsetze konnt.

D'Resultater am Iwwerbléck