Nidderkuer souverän, Rouspert eliminéiert

© RTL-Archiv / Val Wagner
Am zweeten Tour vun der Coupe de Luxembourg hu sech d'Favoritte gréisstendeels kloer duerchgesat. Den FF Norden huet fir eng Iwwerraschung gesuergt.
De Progrès Nidderkuer huet beim 11:0 zu Heischent näischt ubrenne gelooss. D'Ekipp vum Trainer Jeff Strasser louch schonn zur Paus 6:0 vir an huet de Score duerno nach eropgeschrauft. Et war de Match mat de meeschte Goler an dëser Ronn vun der Coupe.
De Coupegewënner Déifferdeng setzt sech souverän mat 3:1 géint de Fusiounsveräin Luxembourg City duerch, de Finalist Marisca Miersch gewënnt och ouni Problemer mat 4:0 zu Izeg. De Champion Hesper setzt sech 3:0 zu Bieles duerch an den F91 Diddeleng behaapt sech 4:0 zu Feelen.
Den FF Norden huet fir eng Iwwerraschung gesuergt a mat Rouspert e Veräin aus der BGL Ligue eliminéiert. De Veräin aus der éischter Divisioun huet den decisive Gol an der 63. Minutt geschoss an huet d'Féierung net méi aus der Hand ginn.
Och d'Union Titus Péiteng huet sech beim 5:3 zu Biissen méi schwéier gedoen, wéi am Ufank geduecht.
Dem Fusiounsveräin AS Lëtzebuerg ass och eng kleng Iwwerraschung gelongen, andeem si mat Beggen eng Ekipp eliminéiert hunn, déi zwou Ligen iwwer hinne spillt.
D'Partien tëscht Bäerdrëf-Konsdref a Rëmeleng a Kielen géint Rodange goufen eréischt am Eelefmeterschéissen entscheet.