Et gouf gesot, dat wier néideg, well een fir eng ganz Rei vun den techneschen Anlagen keng Ersatzdeeler méi krut.

Anengems gouf dunn och dovunner profitéiert esou ëmzebauen, datt déi zwou Äispisten - déi ëffentlech an déi op där trainéiert gëtt - onofhängeg vun enee funktionéieren. Dat kënnt de Veräiner ze gutt, well se op déi Manéier dat ganz Joer iwwer kënnen trainéieren.

Domadder kréien d'Veräiner elo Trainingsstonne bäi an dat ass net vu Muttwëll, well de Chef vum Stater Sportsservice, den Alex Goergen seet, d'Trainingshal wier zu 100 Prozent ausgelaascht.

D'Demande wier enorm grouss.

Et wier ee praktesch Affer vum eegene Succès, seet déi zoustänneg Stater Schäffe Simone Beissel

Op der Äispist, déi vum hallwe September bis den hallwen Abrëll vu Moies fréi bis Owes spéit op ass wieren zejoert 155.000 Visiteure gezielt ginn.

Déi ëffentlech Patinoire huet an Tëschenzäit 50 Joer a misst och frësch gemaach ginn. Dorunner géif een den Ament plangen, heescht et vun der Simone Beissel.

Ob eng ganz nei Patinoire gebaut gëtt oder ob déi aktuell renovéiert gëtt, dat bleift ofzewaarden. Et misst analyséiert ginn, wat sech besser maache léisst a wat méi séier geet.