Anne Simon a Maine am éischten Tour géint Ohio State eliminéiert

Um Freideg stoung d'Anne Simon beim berüümte March-Madness-Tournoi um Terrain. Géint Ohio State ass Maine am éischten Tour eliminéiert ginn.
Bei dësem gréisste College-Tournoi an den USA spillen déi 68 stäerksten Ekippe géinteneen. Am éischten Tour ass d'Lëtzebuerger Nationalspillerin mat Maine als kloren Underdog an de Match géint Ohio State gestart.
Maine huet gutt an de Match fonnt a louch souguer 14:11 a Féierung. Duerno huet Ohio State seng Favoritteroll allerdéngs bestätegt a sech virum Säitewiessel kloer ofgesat. Mat staarken Aktioune konnt d'Lëtzebuergerin iwwerzeegen an der Partie doduerch och hire Stempel opdrécken, um Enn stounge ganz staark 25 Punkten um Kont. Dobäi koume 4 Steals, 3 Assists an 3 Rebounds. Eng 57:80 Defaite géint de grousse Favorit konnt d'Simon zwar net verhënneren, si huet déi grouss Bün awer genotzt, fir hir Talent ze weisen.