Lëtzebuergerin kämpft sech duerch Thailand

D'Marie Heinz (lénks) beim Kampf ëm de Rimm vun der World Muay Thai Organization an der Kategorie 57 Kilo / © Marie Heinz
D'Marie Heinz ass grad emol 23 Joer al, huet sech an Thailand awer schonn en Numm gemaach an ass elo Weltmeeschterin an der Kategorie 57 Kilo.
Der Marie Heinz hiren Erfolleg fänkt eigentlech tragesch un. Wéi déi jonk Fra 16 Joer al ass, stierft hir grouss Schwëster. D'Marie fält an e Lach an huet Schwieregkeeten, an hirem Alldag weiderzemaachen. Fir rëm op d'Féiss ze kommen, entscheet d'Lëtzebuergerin sech mam Kampfsport unzefänken. "Meng Mamm war am Ufank skeptesch, well et jo awer e Kontaktsport ass. Du war si awer averstanen, soulaang et nëmmen Training ass an ech keng Kämpf maachen." No nëmme 6 Méint ass de Muay Thai, also den thailänesche Kampfsport, eng richteg Passioun fir d'Marie ginn an déi deemools 17 Joer jonk Fra wëll gesinn, wéi dëse Sport an Thailand trainéiert gëtt. Hir Mamm a si fléien also an Thailand an d'Vakanz an d'Marie trainéiert dohannen an engem Club. "Et ass och déi éischte Kéier do, dass ech richteg gekämpft hunn", erënnert si sech.
Begeeschtert vum Muay Thai, verschléit et d'Famill kuerz drop eng zweete Kéier an dat asiatescht Land an d'Marie bleift do."Tatsächlech huet meng Mamm mech vun Ufank un ënnerstëtzt. Si huet no enger franséischer Schoul an Thailand gesicht, huet dofir gesuergt, dass ech iergendwou ënnerkommen an huet mir genuch vertraut, esou dass ech meng zwee lescht Joer Lycée an Thailand maache konnt." D'Marie fënnt Frënn, trainéiert a bekannte Muay-Thai-Veräiner am Süde vun Thailand, mécht hir Schoul fäerdeg a léiert Thailännesch.
Sport mat Traditioun an Thailand
Eng Zäit laang ass si reegelméisseg vum Süden aus op Bangkok geflunn, fir hei bei Kämpf matzemaachen, déi op Tëlee live iwwerdroe goufen. Muay Thai ass an Thailand nämlech vill méi wéi nëmmen "dropschloen". "Et ass eng Traditioun mat vill Technik. Kloer kann ee sech wéidoen, mee et stécht vill méi dohannert."
Mat Ausnam vun enger gebrachener Nues, ass d'Marie bis haut och nach gutt dovu komm a feiert an Thailand en immensen Erfolleg. Nom Lycée ass si op Bangkok geplënnert, trainéiert an engem renomméierte Club an huet ee Kampf nom anere gewonnen.
Eng Lëtzebuergerin op der éischter Plaz
Uganks Abrëll geléngt et dem Marie Heinz dunn de Rimm vun der World Muay Thai Organization ze gewannen an ass domat op der éischter Plaz an der Kategorie 57 Kilo. "Ech hätt ni domat gerechent. Et war immens ustrengend, mee ech war nach ni esou houfreg wéi dee Moment. An et war och besonnesch fir mech, meng Mamm esou houfreg ze gesinn."
An dohannert stécht vill Aarbecht. D'Marie Heinz trainéiert zweemol den Dag a verbréngt hir "Paus" op der Uni. Si studéiert donieft nämlech Business Management zu Bangkok. "Meng Konkurrentinnen trainéiere moies, raschte mëttes an trainéieren owes rëm. Ech gi moies op den Training, mëttes op d'Uni a vun do aus rëm op den Training." An och nom grousse Gewënn ass keng Zäit, fir ze raschten, elo geet et nämlech drëms, de gewonnenen Titel ze verdeedegen.
Ma och wa si et elo schonn bis un d'Spëtzt gepackt huet, ee groussen Dram huet déi mëttlerweil 23 Joer jonk Fra nach: Si wëll de Rimm am bekannten Rajadamnern Stadium gewannen. Et ass ee vun den eelsten Muay-Thai-Stadien an Thailand a réischt zënter e bësse méi wéi engem Joer kënne Fraen hei ëm en Titel kämpfen.
Den Ament si just Kämpf fir Fraen an der Gewiichtsklass 52 Kilo virgesinn, ma wann et dann och an der Klass 57 Kilo e Rimm ze gewanne gëtt, wëll d'Marie Heinz hei weisen, wat si kann.
Wéi laang et d'Lëtzebuergerin nach an Thailand hält, weess si net. "Ech bleiwen oppe fir alles." Si kéint sech zum Beispill virstellen, zeréck op Lëtzebuerg ze kommen, an hiren eegene Muay-Thai-Club opzemaachen. Un deene géif et zu Lëtzebuerg nämlech feelen. Eppes ass fir d'Marie awer sécher: De Kampfsport huet si deemools aus dem Lach gezunn an duerch déi konstant Ënnerstëtzung vun hirer Famill konnt si et esou wäit bréngen.