Mat engem klore 36:23 setze sech d'Red Boys géint Dikrech duerch. Esch zitt no engem 33:30 géint Diddeleng no.

D'Red Boys Déifferdeng an den HB Esch stinn an der Finall vun der Coupe. Et ass déi drëtt Kéier hannerteneen, dass dës Ekippen an der Finall openeentreffen.

Resumé Coupe am Handball / Reportage Gilles Tricca

Chev Dikrech - Red Boys Déifferdeng 23:36 (11:17)

An der éischter Halleffinall war Déifferdeng mat engem 6:1-Laf an de Match gestart an hat domat fréi kloer gemaach, a wat fir eng Richtung de Match verlafe soll. Dikrech war an der éischter Véierelsstonn ze haseleg an huet vill Ballverloschter produzéiert. Den Dikrecher Golkipp Eric Post huet d'Avance vun de Red Boys mat enger Rëtsch Paraden niddereg gehalen.

Bis zur 20. Minutt konnt sech Dikrech op 4 Goler erukämpfen, mee duerno huet Déifferdeng den Tempo erëm ugezunn a konnt sech bis zur Paus op 17:11 ofsetzen.

D'Red Boys sinn och déi zweet Hallschent mat der néideger Seriositéit ugaangen, ouni awer hiert komplett Potenzial ofruffen ze mussen. Dikrech konnt bis zur 45. Minutt den Ecart a Grenzen halen, mee duerno huet d'Kraaft nogelooss, well de Chev quasi mat der Stamm-7 duerchgespillt huet.

Bei der zweeter Participatioun hannerteneen um Final4 ass et fir Dikrech déi lescht 15 Minutte richteg batter ginn. Déifferdeng huet ee Ball nom aneren eragesat an huet sech eng maximal Avance vu 14 Goler erausgespillt. Um Enn stoung en 36:23 um Tablo, woumat d'Red Boys den éischte Finalist sinn an elo d'Chance op déi drëtt Victoire hannerteneen an der Coupe hunn.

De Brice Aillaud op Déifferdenger Säit war de beschte Scorer mat insgesamt 10 Goler, fir Dikrech huet de Jakub Dulewicz am beschte markéiert (8 Goler).

HB Esch - HB Diddeleng 33:30 (16:19)

An engem spannende Match setzt sech Esch géint Diddeleng duerch an trëfft an der Finall op Déifferdeng. An der éischter Hallschent sinn insgesamt 35 Goler gefall, mee trotzdeem huet de Match vill vun individuellen Aktioune gelieft.

Esch hat wuel den éischte Gol geschoss, mee duerno huet Diddeleng fënnef Mol hannerteneen de Ball am Gol ënnerbruecht, wat den Trainer Adrian Stot zu enger fréier Auszäit gezwongen huet. Duerno koumen déi Schwaarz-Wäiss besser an de Match.

Vun der 15. Minutt un huet Esch phaseweis mam siwente Feldspiller agéiert, fir am Ugrëff méi Duerchschlagskraaft ze kréien. Dat ass hinnen heiansdo gegléckt, mee heiansdo hu si och einfach Goler kasséiert. Den Ognjen Jokic an de Luca Tomassini hunn den HB Esch mat hire Goler an der éischter Hallschent am Match gehalen.

An de leschte Minutten hu sech och bei den Diddelenger e puer Uspillfeeler an der Attack ageschlach a si konnten hiert schnellt Spill net méi esou opzéien, wéi nach am Ufank. Esch ass nees erukomm an hat zur Paus just nach 3 Goler Réckstand.

No engem nervöse Start vun den Diddelenger (3 Feelschëss) si bannent 5 Minutten 10 Goler gefall, op béid Säite gerecht verdeelt. Duerno hu sech béid Ekippen nees méi op d’Verdeedege konzentréiert.

Esch huet am Ugrëff nees zu sechs gespillt a vun der 45. Minutt un an der Verdeedegung op eng 5:1 ëmgestallt, woumat den HBD seng Problemer hat. Esch konnt dovu profitéieren an an der 52. Minutt den Ausgläich werfen an eng Minutt méi spéit souguer eng éischt Kéier zënter dem 1:0 a Féierung goen. Den Escher Held war de Golkipp Kenan Hadrovic mat zwee gehalene Siwemeter.

Um Enn gewënnt Esch 33:30 géint Diddeleng a steet verdéngt an der Finall. Groussen Undeel un der Escher Victoire hat den Ognjen Jokic mat 9 Goler, obwuel den Diddelenger Josip Ilic mat 10 Goler am heefegsten de Ball am Filet ënnerbrénge konnt.

Den Iwwerbléck vun de Resultater