En Donneschdeg den Owend gouf d'Finall an der Coupe de Luxembourg am Härefuttball gespillt. Hei konnt sech de Progrès am Eelefmeterschéissen duerchsetzen.

No 120 Minutte gouf et am Stade de Luxembourg kee Gewënner, soudatt d'Entscheedung am Eelefmeterschéisse fale sollt. Hei konnt de Progrès Nidderkuer sech géint de Swift Hesper duerchsetzen a sech domadder och fir den zweeten Tour vun der Conference League qualifizéieren.

Um RTL Play fannt Dir de ganze Match am Replay.

Reaktiounen nom Match

Resumé Coupefinall am Futtball / Reportage Serge Olmo
Reaktioune vun Eldin Latik a Jeff Strasser
Reaktioune vu Roland Vrabec an Dominik Stolz

Swift Hesper - Progrès Nidderkuer 2:4 n.E.

1:0 Holzhauser (4'), 1:1 Jarmouni (37') [Eelefmeterschéissen: 1:2 Jarmouni, 1:2 Sacras (verschoss), 1:3 Lybohy, 2:3 Couturier, 2:4 Mazure, 2:4 Holzhauser (verschoss), 2:4 Guett Guett (verschoss), 2:4 Lasme (verschoss)]

Béid Formatioune stounge knapps um Terrain, do war schonn deen éischte Gol am Match gefall. Dëst op Säite vum Swift, deen dovu profitéiert huet, datt de Progrès de Ball an der Defense net gutt kläre konnt, soudatt de Couturier de Ball klauen an den Holzhauser an Zeen setze konnt, deen de Ball zum 1:0 fir de Swift am Filet ënnerbrénge konnt. Doropshin huet Hesper weider monter no vir gespillt, ouni dobäi awer all ze geféierlech ze ginn. Déi beschte Chance hat nach de Couturier mat sengem Distanzschoss an der 16. Minutt, deen allerdéngs an de Corner deviéiert konnt ginn.

Vun Nidderkuer war bis an déi 25. Minutt näischt ze gesinn. Du sinn d'Männer aus dem Minett awer bannent enger Minutt dräi Mol ganz geféierlech virum Gol vum Swift opgedaucht. Fir d'éischt konnten zwee Versich vum Schmid in extremis vum Swift op der Linn gekläert ginn, ier datt dem Bah säi Schoss gehale konnt ginn. Doropshin ass de Match ofgeflaacht a béid Formatiounen hu sech iwwert wäit Strecke vum Match neutraliséiert. An der 37. Minutt sollt op eemol awer den Ausgläich falen an dee koum aus dem Näischt: No engem Corner stoung de Karamoko um zweete Potto goldrichteg a konnt fir de Jarmouni ofleeën, dee keng Problemer hat, fir de Ball am Gol ënnerzebréngen an de Score op 1:1 ze setzen. Virun der Paus gouf et just nach eng Kéier duerch e Wäitschoss an der 45. Minutt vum Karayer, dee säi Wee awer net an de Gol fonnt huet, geféierlech, soudatt et mat engem 1:1 op den Téi gaangen ass.

Kuerz no der Paus louch de Ball schonn nees no kierzter Zäit am Filet vum Progrès, mä dës Kéier gouf dem Stolz säi Gol awer wéinst enger Abseitspositioun zréckgepaff, soudatt et mam Score vun 1:1 weidergaangen ass. Am weidere Verlaf hu sech béid Ekippen allerdéngs nees schwéier gedoen. Allebéid konnte se wéineg Akzenter am Stuerm setzen, soudatt béid Golkipper net vill ze dinn haten. An der 65. Minutt gouf et déi éischt nennenswäert Chance an der zweeter Hallschent: Dës duerch e Kappball vum Couturier, dee bal e Corner vum Holzhauser verwäerte konnt. Mä um Enn sollt de Ball laanscht de Gol fléien.

An der 75. Minutt war et dunn um Progrès fir déi éischte Kéier an der zweeter Hallschent e Schoss a Richtung Gol lasszeloossen. Den Natami huet sech en Häerz gefaasst an aus der Distanz ofgezunn. Säi placéierte Schoss huet awer just de Potto getraff. De Match ass viru sech higeplätschert a wann en Hauch vu Gefor an der Loft louch, da meeschtens duerch e Wäitschoss, esou wéi an der 84. Minutt duerch den El Belameiri oder no engem Gewurschtels am Strofraum, ewéi beim Mazure an der 91. Minutt. Well béid Ekippe kee Gol méi an de regulären 90 Minutte markéiere konnten, ass et dunn an d'Verlängerung gaangen.

An enger Verlängerung ouni vill Chancen, an där keng Formatioun iwwerzeege konnt, sollt och kee Gol méi falen, soudatt d'Entscheedung ëm d'Coupe am Eelefmeterschéisse fale sollt. Hei konnten um Enn d'Männer vum Progrès d'Nerve behalen, sech géint de Swift behaapten an d'Coupe domadder mat heem huelen!

Den Iwwerbléck vun de Resultater