D'Entente Déifferdeng-Luna, déi bannent der Saison vun der zweeter an déi éischt Klass opgestigen ass, war den Outsider an dëser Finall.

Nawell hat d'Entente an enger ausgeglachener éischter Stonn déi zwou beschte Chancen. Fir d'éischt an der 23. Minutt an du kuerz no der Paus. Diddeleng war déi lescht hallef Stonn iwwerleeën, huet mat méi Risiko gespillt an ass de Géigner héich presse gaangen. Mee de Ball wollt net eran. Och net an der Nospillzäit. Et ass beim 0:0 bliwwen.

Et koum zum Eelefmeterschéissen. Den Alves Margato huet dem Dos Santos säi Schoss gehalen a kuerz drop huet den Rodrigo Gonçalves de Sak zougemaach. An d'Feier fir den F91 ass lassgaangen. Eng Coupe huet d'Formatioun vum Rodrigo Ribeiro domadder schonn.

Wéinst engem Feeler am urspréngleche Video hu mir eng nei Versioun an den Artikel gesat.