Am Gymnase vun der Coque hunn d'Rout Léiwinne sech an der Silver League misse mat 0:3 géint Ungarn geschloe ginn.

Am 1. Saz huet Lëtzebuerg nach gutt matgehalen an dee just mat 17:25 verluer. Am 2. Set huet Ungarn nach méi staark gespillt a sech mat 25:14 duerchgesat.  De leschte Saz huet Ungarn 25:19 gewonnen.

An der Golden League hunn d'Lëtzebuerger Hären 0:3 géint d'Ukrain verluer, dobäi awer eng gutt Performance gewisen. D'Rout Léiwen hu vun Ufank u probéiert, dogéint ze halen. D'Ukrain huet awer den éischte Saz 25:16 fir sech entscheet. Den 2. Set huet Lëtzebuerg 19:25 verluer. De leschte Saz war spannend bis zum Schluss. D'Ukrain hat méi e laangen Otem an huet do mat 25:20 d'Iwwerhand behalen.