Déi regulär Saison am nationale Futtball ass eriwwer, ma fir 20 Ekippe stinn nach d'Barragëmatcher um Programm.

An dës zéien all Joer ëmmer nees vill Spectateuren op d'Futtballterrainen, dat well et een eenzege Match ass, deen iwwer Opstig, Ofstig oder Maintien decidéiert. Et ginn ëmmer nees spektakulär Matcher, déi d'Zukunft vum jeeweilege Veräin beaflossen, esou datt och ëmmer vill Emotioune mat am Spill sinn. Dofir hu mir d'Barragëmatcher fir Iech ënner d'Lupp geholl.

Fola Esch (BGL Ligue) - US Rëmeleng (Éierepromotioun)

RTL

Wéini a wou? Sonndeg, den 2. Juni um 19 Auer zu Munneref am Stade John Grün

Bilanz vun der Saison - Fola Esch: Plaz 14 an der BGL Ligue mat 28 Punkten (8 Victoiren, 4 Remisen, 18 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - US Rëmeleng: Plaz 3 an der Éierepromotioun mat 50 Punkten (14 Victoiren, 8 Remisen, 8 Néierlagen)

Wéi schonns d'lescht Joer muss den eelste Veräin aus dem Land an de Barragëmatch. D'Escher Fola huet sech dobäi eréischt um leschte Spilldag mat enger Victoire géint den FC Déifferdeng 03 den Ticket fir dës "Finall" geséchert. Zwou Victoiren aus de leschten 3 Matcher, domat hu si de Marisca Miersch nach iwwerholl. Ma d'Missioun Maintien ass nach net komplett erfëllt fir d'Fola, well am Barragëmatch muss een elo emol d'US Rëmeleng klappen. Den 3. aus der Éierepromotioun wëll no 5 Joer an der Zweetklassegkeet endlech nees an d'BGL Ligue opsteigen. Zanter 6 Matcher sinn d'Jonge vum Trainer Marcin Siebert ongeschloen, woubäi ee wichteg Victoirë géint direkt Konkurrente feiere konnt. D'Escher Fola ass deemno gewarnt. Déi Rëmelenger sinn a Form a wëllen eben nom Ofstig an der Saison 2018/2019 nees de Sprong an déi héchst Divisioun vum Lëtzebuerger Futtball packen.

RTL

© Val Wagner (Archiv)

UN Käerjeng (BGL Ligue) - US Hueschtert (Éierepromotioun)

RTL

Käerjeng hofft, och am Barragematch feieren ze kënnen. / © Val Wagner (Archiv)

Wéini a wou? Freideg, den 31. Mee um 19.30 Auer zu Diddeleng am Stade Jos Nosbaum

Bilanz vun der Saison - UN Käerjeng: Plaz 13 an der BGL Ligue mat 28 Punkten (7 Victoiren, 7 Remisen, 16 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - US Hueschtert: Plaz 4 an der Éierepromotioun mat 49 Punkten (13 Victoiren, 10 Remisen, 7 Néierlagen)

An och Käerjeng muss genau wéi d'lescht Joer bis an d'Barragëmatcher goen. Virun engem Joer konnte si sech do géint Beetebuerg duerchsetzen, dëst Joer muss een den nämmlechten Exploit géint d'US Hueschtert realiséieren. D'Ekipp aus dem Gréngewald war jo eréischt d'lescht Saison ofgestigen. En direkte Retour an d'BGL Ligue wier fir d'Ekipp, déi mëttlerweil vum Marc Thomé trainéiert gëtt, ideal. Zanter 8 Matcher ass een och ongeschloen, iwwerdeems Käerjeng bannent de leschten 8 Matcher keng eenzeg Victoire feiere konnt. De leschten Erfolleg gouf et den 30. Mäerz beim 1:0 géint Schëffleng.

FC Luerenzweiler (Éierepromotioun) - FC Luxembourg City (1. Divisioun, 2. Bezierk)

Wéini a wou? Donneschdeg, den 30. Mee um 19.30 Auer zu Mensder am Stade op Biirk

Bilanz vun der Saison - FC Luerenzweiler: Plaz 13 an der Éierepromotioun mat 36 Punkten (9 Victoiren, 9 Remisen, 12 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - FC Luxembourg City: Plaz 2 an der 1. Divisioun, 2. Bezierk mat 60 Punkten (19 Victoiren, 3 Remis, 8 Néierlagen)

Esou muncher ee wäert sech bestëmmt un déi impressionnant Saison 2022/2023 vum FC Luerenzweiler erënneren. An der 1. Divisioun, 1. Bezierk hate si komplett dominéiert an et huet ee geduecht, an där Form kéint ee sech och an der Éierepromotioun halen. Den Opsteiger huet sech awer iwwer déi komplett Saison schwéier gedoen a bis zum leschte Spilldag war vun direkten Ofstig bis Maintien nach alles dran. Elo um Enn ass déi 13. Plaz dobäi erausgesprongen an deemno geet et an de Barrage. Géigner hei ass den FC Luxembourg City. Nodeems een zwee Joer noeneen ofgestigen ass (2021/2022 Ofstig an d'Éierepromotioun, 2022/2023 Ofstig an d'1. Divisioun), wëll de Fusiounsveräin nees méi wäit uewe matspillen. 8 Victoiren aus de leschten 9 Matcher schwätzen dann och fir e positiven Trend beim FC Luxembourg City, och wann et um leschte Spilldag eng Néierlag gouf.

Yellow Boys Weiler (Éierepromotioun) - US Feelen (1. Divisioun, 1. Bezierk)

Wéini a wou? Samschdeg, den 1. Juni um 17 Auer zu Berbuerg an der Streetwheels Arena

Bilanz vun der Saison - Yellow Boys Weiler: Plaz 14 an der Éierepromotioun mat 35 Punkten (8 Victoiren, 11 Remisen, 11 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - US Feelen: Plaz 2 an der 1. Divisioun, 1. Bezierk mat 64 Punkten (19 Victoiren, 7 Remisen, 4 Néierlagen)

Opgrond vun enger schlechter Réckronn sinn d'Yellow Boys an d'Barragëmatcher gerutscht. No der Hironn louch d'Ekipp vu Weiler nämlech nach op der 8. Plaz. An der Réckronn konnt een nëmmen zwee Matcher gewannen. Um Enn hat een elo nëmme méi ee Punkt Avance op eng direkt Ofstigsplaz. Deemno mussen d'Jonge vum Trainer Ronny Souto sech rappen, well am Barragëmatch zu Berbuerg muss ee géint Feelen untrieden, déi sécherlech mat engem bessere Gefill an dee Match wäerte goen. Um leschte Spilldag huet ee sech zum Beispill mat 8:1 géint Schieren duerchgesat. Allgemeng huet Feelen eng staark offensiv, dat mat 98 Goler aus 30 Matcher.

AS Lëtzebuerg (1. Divisioun, 2. Bezierk) - FC Éilereng (2. Divisioun, 2. Bezierk)

Wéini a wou? Sonndeg, den 2. Juni um 16 Auer zu Schuller am Stade Roger Winandy

Bilanz vun der Saison - AS Lëtzebuerg: Plaz 14 an der 1. Divisioun, 2. Bezierk mat 29 Punkten (8 Victoiren, 5 Remisen, 17 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - FC Éilereng: Plaz 4 an der 2. Divisioun, 2. Bezierk mat 43 Punkten (12 Victoiren, 7 Remisen, 7 Néierlagen)

D'AS Lëtzebuerg duerf wéi d'lescht Saison op en Neits am Barrage untrieden. Virun engem Joer ass de Stater Veräin am Barragëmatch opgestigen, dëst Joer hofft een, am Barrage de Maintien ze sécheren. Wat dem 14. aus der 1. Divisioun, 2. Bezierk Hoffnung dierft ginn, ass, dass ee vun de leschte 6 Matcher just ee verluer huet. Nächste Méindeg geet et da géint den FC Éilereng. Duerch eng Victoire um leschte Spilldag huet Éilereng seng véiert Tabelleplaz verdeedegt an duerf domat weiderhi vum Opstig dreemen.

Jeunesse Gilsdref (1.Divisioun, 1. Bezierk) - Minerva Lëntgen (2. Divisioun, 1. Bezierk)

Wéini a wou? Dënschdeg, de 4. Juni um 19.30 Auer zu Biissen um Terrain ZAC Klengbousbierg

Bilanz vun der Saison - Jeunesse Gilsdref: Plaz 14 an der 1. Divisioun, 1. Bezierk mat 20 Punkten (5 Victoiren, 5 Remisen, 20 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - Minerva Lëntgen: Plaz 3 an der 2. Divisioun, 1. Bezierk mat 58 Punkten (19 Victoiren, 1 Remisen, 6 Néierlagen)

D'Jeunesse Gilsdref huet d'lescht Joer am Barragëmatch d'Alliance Äischdall an d'2. Divisioun geschéckt an domat den Opstig perfekt gemaach. Dëst Joer muss een nees am Barrage untrieden, déi Kéier awer fir dran ze bleiwen. Allgemeng war et keng gutt Saison mat nëmme fënnef Victoiren aus 30 Matcher. Ganz aneschters gesäit dat beim Géigner vu Lëntgen aus. 19 Victoiren aus 26 Matcher a ganzer 94 Goler. Déi Lëntgener hu gewisen, datt si nom Ofstig d'lescht Joer direkt nees opsteige wëllen. Um Enn vun der Saison louch een als Tabellendrëtten nëmmen 2 Punkten hannert dem Leader an et war ee punktgläich mam Zweeten.

Union Réimech-Bous (1. Divisioun, 2. Bezierk) - Green Boys Harel-Tarchamps (2. Divisioun, 1. Bezierk)

Wéini a wou? Méindeg, den 3. Juni um 19.30 Auer zu Dikrech am Stade Municipal

Bilanz vun der Saison - Union Réimech-Bous: Plaz 13 an der 1. Divisioun, 2. Bezierk mat 32 Punkten (8 Victoiren, 8 Remisen, 14 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - Green Boys Harel-Tarchamps: Plaz 4 an der 2. Divisioun, 2. Bezierk mat 49 Punkten (15 Victoiren, 4 Remisen, 7 Néierlagen)

D'Union Réimech-Bous huet de Maintien ganz knapp verpasst. Als 13. war ee punktgläich mat Käl-Téiteng op der 12. Plaz an nëmmen 3 Punkten hannert dem Red Black op der 11. Plaz. Och wann dëse knappen Ecart natierlech wéideet, huet ee sech um leschte Spilldag mat enger 5:1-Victoire awer wuel e bësse Confiance gemaach. Nächsten Dënschdeg muss een deen Elan da mat an de Barragëmatch géint d'Green Boys huelen. Den Tabellevéierten aus der 2. Divisioun, 1. Bezierk huet vun de leschten 11 Matcher nëmmen een eenzege verluer.

AS Wëntger (1. Divisioun, 1. Bezierk) - FC Käerch (2. Divisioun, 2. Bezierk)

Wéini a wou? Donneschdeg, de 6. Juni um 19.30 Auer zu Mäerzeg um Terrain an de Burwiesen

Bilanz vun der Saison - AS Wëntger: Plaz 13 an der 1. Divisioun, 1. Bezierk mat 24 Punkten (7 Victoiren, 3 Remisen, 20 Néierlagen)

Bilanz vun der Saison - FC Käerch: Plaz 3 an der 2. Divisioun, 2. Bezierk mat 44 Punkten (12 Victoiren, 8 Remisen, 6 Néierlagen)

Den Opsteiger Wëntger hat eng schwéier Saison. Ganzer 20 Néierlagen huet ee missen astiechen. Nawell ass et duergaangen, fir net direkt nees ofzesteigen. Am Barragëmatch kritt een et elo mat Käerch ze dinn. D'Ekipp aus der 2. Divisioun konnt sech ganz knapp virun Éilereng a Gaasperech déi drëtt Plaz sécheren.

2. Divisioun - 3. Divisioun

Hei stinn d'Matcher nach net fest, se ginn awer de 7. Juni um 19.30 Auer, respektiv den 9. Juni um 16 Auer gespillt. Am Laf vun der Woch huele mir all d'Dueller och nach eemol méi genee ënnert d'Lupp.

All d'Matcher am Iwwerbléck