Play-Off-System och fir Lëtzebuerg interessant?

Vun en Donneschdeg bis den 9. Juni ginn am nationale Futtball d'Barragematcher an allen Divisioune gespillt.
Dës Partië si bei de Lëtzebuerger Spectateuren ëmmer ee grousse Succès. Dat gesäit een och un der Zuel vun de Supporter un de Clôturen. An enger Zäit, wou d'Unzuel vu Spectateuren an der regulärer Saison erofgeet, wier ee Play-Off-System villäicht eng Optioun.
A verschiddenen internationale Ligen, notamment och an der Belsch, gëtt de Championnat am Play-Off-Format fäerdeg gespillt. Dëst Joer och fir déi éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg bei den Dammen. Et schéngt, wéi wann déi Lëtzebuerger Supporter vun esou genannten "Do-or-Die"-Matcher géingen ugezu ginn. Esou ee System gouf et am Grand-Duché och scho bis Ufank den 2000er Joren. Dëse gouf am Endeffekt awer zesumme mat de Veräiner ofgeschaaft. 2024 wier esou ee Format awer net méi wierklech Thema, esou den FLF-President Paul Philipp.
"Et kann een iwwer alles diskutéieren. Dat eent, wou een net soll driwwer diskutéieren, dat ass, wann um Enn vun engem Championnat op eemol Punkte gedeelt ginn. Dat ass net de Sënn an Zweck vun engem Championnat. E Championnat ass ee laange Sprint oder ee laange Marathon. Dat geet vum éischte bis zum leschte Match an do mussen ëm den Depart ganz kloer d'Donnéeë fixéiert sinn. Do kann et net sinn herno, dass, wann een do zwielef Punkte Virsprong huet, déi ee sech iwwer Méint laang erkämpft huet, datt een op eemol nëmmen nach mat der Hallschent vun de Punkten an de Play-Off erageet."
De groussen Interessi a Succès vun de Barragematcher sinn och der Futtballfederatioun an de Veräiner bekannt. Ee Play-Off-Format géing awer och e puer Problemer mat sech bréngen.
"Bei de Barragematcher schwätze mer vun enger Partie op neutralem Terrain. Dat anert gëtt praktesch esou ee klenge Mini-Championnat oder an enger Turnéierform, wat erëm eng zousätzlech Zuel vu Matcher géif ginn, soudass eng Diskussioun iwwer de Play-Off sech nëmme ka stellen, wann ee wierklech och d'Zuel vun den Ekippen, egal op wat fir eng Divisioun géif drastesch reduzéieren."
Lass geet et en Donneschdeg mam éischte Barragematch tëscht Luerenzweiler aus der Éierepromotioun a Luxembourg City aus der éischter Divisioun zu Mensder. Käerjeng an d'Fola aus der ieweschter Divisioun kréien et e Freideg respektiv e Sonndeg mat Hueschtert a Rëmeleng ze dinn.