Basket
Anne Simon wäert déi nächst Saison fir San Martino an Italien spillen

Nodeems déi 24 Joer al Lëtzebuergerin zanter 2019 op der Maine University Basket gespillt huet, wiesselt si elo an d'Serie A.
Dat ass déi héchsten Divisioun am italieeneschen Dammebasket. Déi fréier Spillerin vum BBC Gréngewald wäert hei fir San Martino spillen. An den USA wousst d'Anne Simon iwwer déi lescht Joren ëmmer nees mat gudde Leeschtungen ze iwwerzeegen. Dëst wëll si d'nächst Saison elo och an Italien weisen.
Portrait vum Anne Simon
D'Lëtzebuerger Nationalspillerin ass d'Kapitänin vun der University of Maine.
Am meeschte gelies