D'Amerikanerin Lauren Van Kleunen ass keng Onbekannt an der Lëtzebuerger Basketball-Zeen.

Aktuell spillt déi 1m88 grouss Lauren Van Kleunen an Australien bei de Casey Cavaliers a kënnt do op e Schnëtt vu 26 Punkten a 6,7 Rebounds pro Match.

An der Saison 2023/2024 huet d'Amerikanerin awer och scho vir de Gréngewald gespillt a war do eng vun den decisive Spillerinnen, déi hinnen de Championstitel geséchert huet.

Elo geet et dann no engem kuerzen Ausfluch an Australien zeréck an d'LBBL, fir da fir den T71 Diddeleng op Punktejuegd ze goen. Dat deelt de Veräin an de soziale Medie mat.