Den FC Metz kämpft drëm, an der franséischer Ligue 1 ze bleiwen, a muss sech e Sonndeg nawell ferm ustrengen, fir nach eng Chance ze hunn.

Den FC Metz huet d'Saison just op Plaz 16 ofgeschloss, a muss elo an der Relegatioun géint den AS Saint-Étienne untrieden, déi aus der Ligue 2 wëllen opsteigen. Si hunn d'Saison op Plaz 3 an der zweeter Liga ofgeschloss, hannert dem AJ Auxerre an SCO Angers, déi direkt opgestige sinn.

Um Donneschdeg den Owend war den 1. Match vun der Relegatioun, dat zu Saint-Étienne.

D'Heemekipp ass besser an de Match komm a konnt an der 19. Minutt duerch de Sissoko a Féierung goen. Nach virun der Paus konnt den Traoré fir Metz ausgläichen.

An der 80. Minutt war et dunn den Irvin Cardona, deen de wichtegen 2:1 fir Saint-Étienne konnt marquéieren.

Mat deem Resultat ass de Match dann och ofgepaff ginn. Deemno huet Saint-Étienne eng gutt Ausgangsbasis fir de Retourmatch e Sonndeg um 17 Auer zu Metz.