Um Samschdeg gouf de Barragematch tëscht Weiler a Feelen gespillt. D'Ekipp aus der 1. Divisioun huet sech mat 3:0 duerchgesat.

An enger Partie mat ville Méiglechkeeten huet d'US Feelen virun 1378 Spectateuren zu Berbuerg géint d'Yellow Boys Weiler mat 3:0 gewonnen. Feelen war iwwer de ganze Match gesinn déi besser Ekipp a steigt verdéngt an d'Éierepromotioun op. Weiler muss dogéint nächst Saison an der 1. Divisioun untrieden.

Yellow Boys Weiler - US Feelen 0:3

0:1 Pereira Da Rocha (64', Selbstgol), 0:2 Alves (67'), 0:3 Osmanovic (85')

An der éischter Hallschent war et eng ganz animéiert Partie, an där Feelen dominant um Terrain war. Schonn an der 3. Minutt ass de Gomes um Golkipp vu Weiler hänke bliwwen. Weiler huet sech schwéier gedoen an de Match ze kommen, ass an der 14. Minutt awer och eng éischt Kéier geféierlech virun de Gol komm. De Perkovic hat ze héich gezielt. Feelen war an der Suite awer nees besser an huet sech ëmmer nees deels ganz grouss Chancen erausgespillt. An der 22. Minutt huet fir d'éischt den Osmanovic e Fräistouss op d'Lat geschoss, de Noschoss vum Gomes goung driwwer. An der 30. Minutt war et och de Gomes, deen no engem flotte Konter am Strofraum net méi un de Ball koum. D'Säite sollten awer mat engem 0:0 gewiesselt ginn.

Nom Téi hu béid Ekippe méi virsiichteg gespillt an et goufen op béide Säite kaum Méiglechkeeten. Mat der éischter geféierlecher Aktioun ass Feelen a Féierung gaangen. Den Osmanovic huet de Pinto Oliveira an d'Déift geschéckt, deen doropshin an d'Mëtt flanke wollt. De Ball gouf awer vum Pereira ofgefälscht, soudatt en an de Gol gaangen ass. Kuerz drop konnt Feelen op 2:0 erhéijen. Den Alves hat sech op der lénker Säit duerchgesat an huet de Ball am kuerzen Eck am Filet ënnerbruecht.

Weiler huet probéiert nees an de Match ze kommen, ass awer net geféierlech virun de Gol komm. Op der anerer Säit huet den Osmanovic an der 85. Minutt den Deckel op d'Partie gemaach. E Fräistouss aus ronn 35 Meter gouf an de Gol ofgefälscht. Um Enn huet sech Feelen och an där Héicht verdéngt géint Weiler duerchgesat.