SEAT League
D'Spora setzt sech bei den Dammen an den Hären duerch

© FLT
Um Samschdeg war den 3. Spilldag vun der SEAT League, dem Interclub-Championnat am nationalen Tennis bei den Dammen an den Hären.
Bei den Häre konnte sech den Tennis Spora géint Conter, Péiteng géint Esch, Arquebusiers géint Cap on Line an den Houwald knapp géint Schëffleng duerchsetzen.
Bei den Damme goufen et Victoirë fir den Tennis Spora géint Bouneweg, Gréiwemaacher géint Stengefort, Arquebusiers géint den Houwald a Péiteng géint Jonglënster.
Am offizielle Schreiwes vun der Lëtzebuerger Tennisfederatioun fannt Dir de komplette Spillplang.
Am meeschte gelies