Absencen am Lëtzebuerger Kader fir Match géint franséische Star-Ensembel

E Mëttwoch den Owend um 21 Auer spillt d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp ee Frëndschaftslännermatch zu Metz géint Frankräich.
Fir d‘Fransousen ass dës Partie eng wichteg Generalprouf fir d‘Europameeschterschaft, déi de 14. Juni ufänkt. D‘Ekipp vum Trainer Didier Deschamps zielt hei zum enke Krees vun de Favoritten.
Dee leschte Match tëscht béiden Natioune geet an de September 2017 zeréck. Deemools haten d‘Lëtzebuerger sensationell 0:0 zu Toulouse gespillt an domat ee vun deene gréissten "Erfolleger" vun der Geschicht vun der FLF realiséiert.
Bei de Fransouse ginn et eng Partie Staren, mä de Kylian Mbappé stécht eraus. Um Méindeg gouf säin Transfert bei Real Madrid offiziell.
Fir d‘Lëtzebuerger gëtt et ee ganz schwieregen Test mat enger Rei Absencë vu Spiller, wéi zum Beispill de Leandro Barreiro, de Vincent Thill an de Mica Pinto.
De Match tëscht Frankräich a Lëtzebuerg kennt Dir e Mëttwoch den Owend live um RTL Zwee kucken, dat vun 20.45 Auer un. E Samschdeg ass dann deen zweete Frëndschaftslännermatch zu Bréissel géint d‘Belsch.