Billie Jean King Cup: Europa-Grupp III
Lëtzebuerg kritt et mat Irland, Montenegro an Aserbaidjan ze dinn

D'Ekipp vun der Kapitänin Anne Kremer beim Training. / © FLT
Zu Chisinau a Moldawien sinn e Sonndeg d'Gruppe vun der Europa-Grupp III am Billie Jean King Cup ausgeloust ginn.
D'Lëtzebuerger Tennisdamme kréien et am Grupp C mat Irland, Montenegro an dem Aserbaidjan ze dinn. Gespillt gëtt vun e Méindeg 11 Auer Lokalzäit (10 Auer Lëtzebuerger Zäit) un.
D’Gewënner vun den eenzele Gruppe spille vun en Donneschdeg un ëm den Opstig fir 2025 an d’Europa/Afrika-Grupp II. Eng eenzeg Ekipp wäert opsteigen.
D’Kapitänin Anne Kremer huet d’Marie Weckerle, d’Lucie Rabiot, d’Claudine Schaul, d’Liz Baddé an d’Erna Brdarevic fir d'Partien a Moldawien nominéiert.
Am meeschte gelies