Lëtzebuerger Tennisarbitter war Deel vun der Dammefinall zu Roland Garrros
Eng Finall ass ëmmer speziell. Egal a wéi enger Sportaart. Sief et als Spiller oder och als Arbitter.
De Lëtzebuerger Julien Viscogliosi hat d’Éier, bei der Dammefinall zu Roland Garros am Tennis mat dobäi ze sinn. Op Basis vu senge Performancë wärend dem Tournoi gouf hie vum Haaptarbitter als Juge de Ligne selektionéiert.
"Wann een da weess, dass een dran ass, da wëll een ëmmer säi Bescht ginn, an effektiv, ech mengen, et ass scho speziell, fir bei engem Grand Slam an der Finall ze sinn. Et sinn der nëmme véier am Joer, an ech mengen awer dobäi ze sinn, ass, et ass vill Wäert, ech mengen et ass fir déi Spiller a fir eis och, an et ass wierklech flott."
Säin éischt Turnéier hat hie mat 18 Joer zu Stockholm op engem WTA. Hien hätt deemools einfach e Mail gemaach a wier dunn als Linneriichter op der Tour agesat ginn. Hie wéilt dat net professionell maachen an hätt keng Ambitiounen um "grousse Stull" ze sëtzen, sou nach de Julien Viscogliosi.