Positive Bilan fir d'Lëtzebuerger Athleeten

D'lëtzebuergesch Delegatioun beim Championnat vun de klengen europäesche Länner. / © Fédération Luxembourgeoise d'Athlétisme
Zu Gibraltar hate sech e Samschdeg 16 Natiounen afonnt, fir mat hiren Ekippen an diversen Disziplinne géint aner kleng europäesch Länner unzetrieden.
35 Athleete vun der FLA waren e Samschdeg beim dësjärege Championnat vun de klengen europäesche Länner um Depart. Dëse Championnat gëtt all zwee Joer organiséiert, dëst Joer zu Gibraltar.
Well de Gros vun de Lëtzebuerger Topathleeten de Fokus op d'Olympesch Spiller zu Paräis am Juli/August huet, bestoung de Kader vun der Liichtathleetikfederatioun dës Kéier virun allem aus Nowuesstalenter.
Nieft enger Rei gudde Placéierunge sollt fir d'Rout Léiwen och déi eng oder aner Medail eraussprangen. De Gil Weicherding huet iwwer 3000 Meter Hindernis Gold gewonnen, den David Friederich krut iwwer 400 Meter Hecke Sëlwer, a fir Gaspar Klückers, d'Julie Craenen, d'Eloïse Lefevre, de Charel Weicherding, de Mathis Espagnet an de Niall Foley gouf et jeeweils Bronze.
Um Enn koum Lëtzebuerg am Natiouneklassement op déi 3. Plaz ënner 16 Natiounen.