An der NBA wäert nächst Saison fir d'éischte Kéier an der Geschicht vun der Liga e Papp mat sengem Jong zesummen um Terrain stoen.

De Bronny James, eelste Fils vum NBA-Superstar Lebron James, gouf an der Nuecht op e Freideg vun de Los Angeles Lakers beim NBA Draft als 55. Pick ausgewielt. Zanter 2018 spillt den 39 Joer ale Lebron James fir d'Ekipp vu Los Angeles, elo kéint hien an der Saison 2024/25 mat sengem 19 Joer ale Jong um Terrain stoen. De Lebron James huet a senger Karriär scho vill Rekorder opgestallt, ma zesumme mat sengem Jong ze spillen, ass ee vu senge gréissten Ziler, wéi hien ëmmer nees betount huet.

Den éischte Pick am Draft war iwwregens de Fransous Zaccharie Risacher, dee vun den Atlanta Hawks ausgewielt gouf.