Stroossen mat Gläichspill géint Kuopio, Victoire fir den F91 an Andorra

© Steven Milbert
Am éischten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun si mam F91 vun Diddeleng a mat der UNA vu Stroossen zwee Lëtzebuerger Vertrieder dobäi.
An Andorra konnt sech den F91 knapps mat 1:0 géint Atlètic Escaldes duerchsetzen. Dobäi hu sech d'Männer aus dem Süde schwéier gedoen, fir sech Chancen erauszespillen a kënnen um Enn dem Golkipp Desprez Merci soen, datt se de Match gewonnen hunn. Mat dëser knapper Victoire huet den F91 elo eng gutt Ausgangspositioun fir de Réckmatch.
Zu Déifferdeng kommen déi Stroossener no enger couragéierter Leeschtung an engem monteren Optrëtt net iwwert en 0:0-Gläichspill géint KuPS Kuopio aus Finnland eraus. Domadder mussen d'Stroossener am Réckmatch a Finnland gewannen, fir eng Ronn weiderzekommen.
UNA Stroossen - KuPS Kuopio 0:0
An enger serréierter Ufanksphas kruten d'Spectateuren zu Déifferdeng net dee futtballeresch beschte Match ze gesinn. Keng Formatioun wollt ze vill riskéieren, soudatt béid Ekippe sech iwwert wäit Strecke vun der éischter Hallschent neutraliséiert hunn. Richteg Golchancë ware rar geseet an de Match huet sech gréisstendeels an der Mëtt vum Terrain ofgespillt. No gutt 30 Minutten hunn d'Gäscht aus Finnland den Drock erhéicht a méi Zoch zum Gol entwéckelt. Allerdéngs stoung déi Stroossener Defense stabil an d'Verdeedeger vun der UNA konnten all finnesche Schossversuch blockéieren an och deviéieren. An der 38. Minutt gouf et dunn den éischte Golschoss am Match: Den Oksanen huet sech en Häerz gefaasst an et aus der Distanz probéiert. Säi Schoss war allerdéngs ze zentral, soudatt den Özcan am Gol vun de Stroossener keng Problemer hat, fir de Ball ze entschäerfen. An der 45. Minutt hat d'UNA dunn d'Chance, fir a Féierung ze goen. Mä dem Zenadji seng Flank vu riets huet den Edis Agovic am Zentrum knapps verpasst, soudatt déi finnesch Defense de Ball kläre konnt. An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent ass Kuopio nach eng Kéier geféierlech virum Stroossener Gol opgedaucht, mä d'Finne konnten de Ball net am Gol ënnerbréngen, soudatt et mat engem 0:0 op den Téi gaangen ass.
Nom Téi wollt d'UNA de Géigner mam frësche Spiller Azong, dee fir de Perez agewiesselt ginn ass, fréi iwwerraschen. Dëst wier de Stroossener an der 51. Minutt och bal gelongen. Allerdéngs stounge sech den Azong an de Correia Mendes bei enger gudder Kappball-Méiglechkeet an de Féiss, soudatt de Ball net cadréiert konnt ginn. D'UNA war awer elo besser am Match an hat Pech, datt den Arbitter an der 56. Minutt, nodeems e finnesche Spiller verdächteg no mat der Hand um Ball war, net op den Eelefmeterpunkt gewisen huet. An der 63. Minutt waren et nees déi Stroossener, déi eng gutt Occasioun haten. Mä de Gonçalves Teixeira, dee fräi duerch war, konnt de Kreidl am Gol vu Kuopio net bezwéngen, soudatt et beim 0:0 bliwwen ass. D'UNA huet net opginn an huet weider op den éischte Gol gedréckt. An der 71. Minutt haten déi Stroossener dunn zwou grouss Occasiounen, bei deenen de Ball jeeweils in extremis vun de Finne vun der Linn gekraazt konnt ginn. Nodeems de Cissé bei Kuopio an der Schlussphas wéinst enger Tätlechkeet vum Terrain geflunn ass, wollten déi Stroossener nach dovu profitéieren, fir de wichtege Gol ze markéieren. Dëst wier hinnen an der 92. Minutt och bal gelongen, mä de Kreidl konnt op en Neits d'Situatioun fir d'Finnen entschäerfen. Um Enn gi béid Formatioune mat engem 0:0-Remis an d'Dusche geschéckt, woubäi fir d'UNA mat e bësse Spillgléck méi dra gewiescht wier.
Atlètic Escaldes - F91 Diddeleng 0:1
0:1 Bojic (17')
An Andorra kruten déi Diddelenger et mat Atlètic Escaldes ze dinn. D'Lokalekipp hat vun Ufank u vill Ballbesëtz an huet probéiert, de Match ze geréieren. Vill ass de Spiller vum andorranesche Veräin awer net agefall, soudatt d'Lokalekipp an der éischter Hallschent net eng Kéier geféierlech virum Diddelenger Golkipp opdauche konnt. Wann et eng Kéier séier no vir gaangen ass, da waren et déi Diddelenger déi d'Heft an d'Hand geholl hunn. An der 17. Minutt sollte sech déi Diddelenger du fir hir Méie belounen. E Fräistouss vum Bojic, deen an de Strofraum geflunn an u Frënd a Géigner laanschtgeflunn ass, konnt net gekläert ginn an huet am Gol vun den Andorraner ageschloen. Mat dësem Score ass et dunn an d'Kabinne gaangen, dëst well et och dem F91 am weidere Verlaf schwéier gefall ass, fir sech Chancen ze kreéieren.
An der zweeter Hallschent war et en anere Match, deen déi wéineg Spectateuren an Andorra opgedëscht kruten. D'Lokalekipp huet mat méi Vitess opgespillt an huet probéiert, fir séier den Ausgläich ze markéieren. Virun allem iwwert d'Distanzschëss si si esou zu Golchancë komm. Dës hunn den Diddelenger Golkipp awer net a Gefor bruecht. Den F91 huet sech dogéint an den zweete 45 Minutte schwéier gedoen, fir sech selwer gutt Chancen ze kreéieren. Entweder huet et un der néideger Prezisioun gefeelt oder et gouf Ofstëmmungsschwieregkeeten am Spillopbau, soudatt et nëmme bei enger knapper 1:0-Avance bliwwen ass. An der 80. Minutt war dës dunn a Gefor. Dëst well d'Andorraner den 1:1 um Fouss léien haten, mä den Desprez konnt e schéine Fräistouss mat enger sensationeller Parad paréieren. An der Schlussphas sollt den Andorraner, obschonns se beméit waren, kee Gol méi geléngen, soudatt den F91 eng 1:0-Victoire feieren a sech eng gutt Ausgangspositioun fir de Réckmatch verschafe kann.