An 8 Deeg ass et esou wäit. Da geet et lass mat den Olympesche Spiller zu Paräis.

Déi franséisch Haaptstad bereet sech op ronn 15.000 olympesch a paralympesch Athlete vir, op Delegatiounen aus der ganzer Welt an e Millioune-Publikum. RTL ass an dat olympescht Duerf gaangen, fir erauszefannen, wou eis Athleten ënnerbruecht ginn.

Mir waren och an d'Lëtzebuerger Ambassade zu Paräis, wou d'Virbereedunge fir d'Arrivée vu ville Leit amgaang sinn. Mir hunn eis iwwerdeems mat de Paräisser getraff a waren an d’Hoteller an d’Restaurante luussen, fir erauszefannen, wéi et do mat den Zuelen ausgesäit.