Diddeleng no 2:0-Victoire am zweeten Tour, Stroossen no Defaite eliminéiert
En Donneschdegowend stoungen am Kader vun der Conference-League-Qualifikatioun d'Réckmatcher vum éischten Tour mat zwee Lëtzebuerger Clibb um Programm.
Nom 0:0 am Allersmatch huet fir déi Stroossener am Réckmatch géint KuPS Kuopio eng Victoire missen eraussprangen, fir an den nächsten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun anzezéien. Dëst ass de Stroossener a Finnland allerdéngs net gelongen. Um Enn muss Strossen sech kloer mat 0:5 géint KuPS Kuopio geschloe ginn, woumat de Stroossener hir éischt Participatioun an enger europäescher Kompetitioun schonn nom éischten Tour fäerdeg ass.
Déi Diddelenger hate sech mat der 1:0-Victoire am Allersmatch eng gutt Ausgangspositioun verschaaft. Deemno wier de Minetter e Gläichspill duergaangen, fir an den zweeten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun anzezéien. Domadder wollt sech den F91 awer net zefridde ginn, dee voll op eng Victoire gespillt huet. Dëst ass dem Veräin aus dem Minett och gelongen, soudatt den F91 sech mat 2:0 géint Escaldes behaapte souwéi an den zweeten Tour, an deem et géint BK Häcken geet, anzéie kann.
KuPS Kuopio - UNA Stroossen 5:0
1:0 Ruoppi (18'), 2:0 Ruoppi (20'), 3:0 Vidjeskog (48'), 4:0 Diawara (75'), 5:0 Heinonen (90'+1)
Stroossen ass gutt an de Match gestart a konnt bannent den éischte fënnef Minutten e puer Mol geféierlech virum géigneresche Gol opdauchen, soudatt de Kreidl am Gol vun de Finnen huet missen agräifen. Doropshin hunn d'Gäscht lues awer sécher besser an de Match fonnt an déi Stroossener an hir eegen Hallschent gedréckt. Esou huet de Muzinga op Säite vun de Finne mat sengem Distanzschoss d'Lat zum wackele bruecht an och den Özcan huet missen déi eng oder aner Kéier e geféierleche Schoss entschäerfen. An der 18. Minutt souwéi an der 20. Minutt konnt de Stroossener Golkipp déi fälleg Goler awer dunn net méi verhënneren. Zwee Mol war et de Ruoppi, dee fir d'Lokalekipp markéiere konnt. Kuopio huet no dësen zwee Goler d'Vitess rofgeschrauft a konnt déi Stroossener gutt vun hirem Gol ewechhalen, soudatt et fir d'UNA mat engem 0:2-Réckstand op den Téi gaangen ass.
Mat dësem Réckstand war d'Aufgab scho schwéier genuch, mä an der 48. Minutt koum dunn den Doudesstouss, nodeems de Vidjeskog de Score op 3:0 gestallt huet. D'UNA huet net an déi zweet 45 Minutte fonnt a konnt am Verlaf vun der zweeter Hallschent keng Akzenter am Stuerm setzen. Si waren domadder beschäftegt, de Géigner vun hirem Gol ewechzehalen, wat hinnen nëmme méi oder manner gutt gelongen ass. Eng sëllege Schëss hunn d'Finnen op de Gol vum Stroossener Golkipp Özcan lassgelooss, déi entweder hiert Zil verfeelt hunn oder dësen entschäerfe konnt. An der 75. Minutt sollt den Özcan dunn awer nach eng Kéier hannert sech gräife mussen. Dëst nodeems den Diawara de véierte Gol vum Dag schéisse konnt. An der 91. Minutt sollt den Heinonen och nach e Gol markéieren, soudatt e 5:0 um Spillbou stoung. Mat dësem Score sollt et dunn och op en Enn goen. Stroossen verléiert domadder a Finnland mat 0:5 a muss sech am éischten Tour vun der Conference-League-Qualifikatioun geschloe ginn. Domadder ass déi éischt europäesch Rees an der Veräinsgeschicht vun der UNA schonn no zwee Matcher eriwwer.
F91 Diddeleng - Atlètic Escaldes 2:0
1:0 Hadji (60'), 2:0 Hadji (79')
D'Spectateure kruten eng monter Ufanksphas vum F91 ze gesinn. Déi Diddelenger hunn den direkte Wee zum Gol gesicht a konnte sech esou scho relativ fréi am Match e puer Golchancë kreéieren. No knapps 50 Sekonne war et den Englaro, deen de Rabelo am Gol vun den Andorraner op d'Prouf gestallt huet. Dëse konnt de Ball allerdéngs ouni Problemer halen. An der 6. Minutt hunn dem Stumpf nëmmen e puer Zentimeter gefeelt, soss hätt dëse kéinte fräi virum Gol eng Flank vum Bah verwäerten. An den éischte 15 Minutten huet deemno just eng Ekipp gespillt, déi, wann de Rabelo am Gol vun Escaldes net esou gutt opgepasst hätt, wuel och mat 1:0 a Féierung gelungen hätt. Mä an der 16. Minutt haten dunn d'Gäscht bal aus dem Näischt den 1:0 markéiert. No engem Corner koum en Andorraner aus gutt fënnef Meter zum Schoss, allerdéngs huet dësen dobäi nëmmen d'Lat getraff. De Golkipp war geschloen, soudatt ee bei de Minetter vu Chance schwätze kann, hei net a Réckstand geroden ze sinn. Doropshin ass de Match ofgeflaacht, et gouf vill Ënnerbriechungen a Golchancë ware rar geseet. Kuerz virun der Paus ass den F91 nach eng Kéier erwächt, mä weder dem Bah nach dem Bojic hir Schëss an der Nospillzäit konnten de Wee bis an de Gol fannen, soudatt et mat engem 0:0 an d'Kabinne gaangen ass.
Nom Téi kruten d'Spectateuren am Ufank e spilleresch ganz schwaache Match ze gesinn, an deem béid Formatiounen am Ugrëff hir Schwieregkeeten haten. Déi beschten Occasioun war en Distanzschoss aus 40 Meter vum Bojic an der 54. Minutt, deen 10 Meter nieft de Gol gaangen ass. An der 58. Minutt sinn dunn déi ronn 1100 Spectateure ganz haart ginn am Stadion an hunn en Eelefmeter reklaméiert. Dëst no engem Handspill vun engem Spiller vun Escaldes am Strofraum. Den tierkeschen Arbitter huet dësen och direkt accordéiert, soudatt den Hadji an der 60. Minutt d'Verantwortung iwwerholl huet. Den Diddelenger Kapitän huet keng Nerve gewisen, ass cool bliwwen an huet de Ball zum 1:0 am Gol ënnerbruecht. Doropshin huet Escaldes hanne méi opgemaach, wat den Diddelenger méi Räim ginn huet: An der 65. Minutt huet den F91 nees eng Kéier probéiert, den andorranesche Golkipp mat engem Schoss aus 40 Meter ze iwwerraschen, mä och dës Kéier sollt de Ball, wann och knapps, nieft dem Gol aschloen. Mä och Escaldes ass nach zu Chancë komm, déi den Desprez awer ëmmer nees mat gudde Paraden entschäerfe konnt. An der 79. Minutt huet den F91 de Sack dunn awer endgülteg zougemaach: De Stumpf erkämpft sech am andorranesche Strofraum de Ball a leet de Ball riwwer op den Hadji, dee sech de rietsen Eck auskuckt an de Ball locker zum 2:0 am Gol ënnerbréngt. No dësem Gol hat Diddeleng nach e puer gutt Occasiounen, déi awer net am Gol gelant sinn, soudatt den F91 um Enn souverän géint Escaldes gewënnt souwéi an den zweeten Tour vun der Qualifikatioun anzitt.