Soll Päerd geschloen hunn
Dressurreiderin Charlotte Dujardin net bei Olympesche Spiller dobäi

© AFP/File/John MACDOUGALL
Iwwert déi dräifach Olympia-Goldmedaile-Gewënnerin am Dressurreiden ass e brisante 4 Joer ale Video opgetaucht.
Op dësem ass ze gesinn, datt d'Brittin méi wéi 24 mol bannent enger Minutt wärend engem Training op ee Päerd aschléit. D'Dujardin ass elo bis op Weideres, vum Internationale Reitsportverband, FEI, gespaart ginn.
Am Ganzen huet d'Charlotte Dujardin bei Olympesche Spiller 6 Medaile gewonnen. Mat enger weiderer Medail hätt déi 39 Joer al Reiderin de brittesche Rekord fir sech eleng gehat. Dee muss si sech mat der Cyclistin Laura Kenny deelen, déi och 6 Medaile bei Olympesche Spiller gewanne konnt.
Am meeschte gelies