Dat wollte mir vum Chef de mission Raymond Conzemius wëssen.

Déi 206 Delegatioune goufen e Freideg den Owend bei der Erëffnungszeremonie mat Booter iwwer d'Seine zu Paräis gefouert. Géint 21 Auer goufen d'Lëtzebuerger Sportler a Sportlerinne vun den offizielle Kameraen agefaangen an op den Ecrane gewisen. Leider huet een eis Athleten nëmmen op de Réck gesinn.

Esou hätt et eigentlech sollen ausgesinn ...

De Chef de mission Raymond Conzemius huet am RTL-Interview erkläert, datt d'Lëtzebuerger déi falsch Instruktioune kritt hätten. Schonns puer Minutte virum Passage hätte si gesot kritt, wou se hikucke missten, allerdéngs wier dat, wéi ee matkritt hätt, déi falsch Richtung gewiescht.

De Raymond Conzemius huet betount, dass dat natierlech immens schued wier, mee dorunner kéint een näischt méi änneren.

De ville Reen huet den Organisateuren e Stréch duerch d’Rechnung gemaach. Ouni Präbbeli gouf ee bei der Zeremonie plätsch naass. Trotzdeem huet d’Lëtzebuerger Delegatioun dësen offiziellen Deel genoss.

Wéinst deem fiicht-naasse Wieder hätten d’COSL-Athleten an -Athletinnen e Freideg den Owend dunn decidéiert, mat Zäiten nees zréck an d'Olympiaduerf ze fueren, sou nach de Raymond Conzemius. Si hu vum "early departure" profitéiert. An anere Wieder, d'Sportler hunn du versicht, fir no der Bootstour géint 21.30 Auer de Bus zréck ze huelen. Dat wier allerdéngs méi séier gesot ewéi gemaach gewiescht. Et haten nämlech méi Delegatiounen déi selwecht Iddi. Dofir hätt et eng Grëtz méi laang gedauert, fir zréck an d'Olympiaduerf ze kommen, sou de Chef de mission weider.
 
Den Dokter, de Physio an den Techneschen Direkter vum COSL hunn d'Ouverture awer nach weider suivéiert. Si goufen op den Trocadero gefouert, fir do d’Show bis zum Schluss ze kucken. Hei wäre manner Leit gewiescht. D'Lightshow huet de Lëtzebuerger Vertrieder besonnesch gutt gefall.

De fréiere franséische Futtball-Nationalspiller Zinedine Zidane huet dem Rekordgewënner vun de French Open am Tennis, dem Rafael Nadal, d'Olympesch Flam weiderginn. En Zeeche vu sportlechem Respekt an Integratioun, sou de Raymond Conzemius.

D’COSL Delegatioun hofft elo aus deem organisatoresche Stress erauszekomme fir sech op dee sportlechen Deel vun dësem Olympesche Summerspiller kennen ze fokusséieren.

Nordmazedonier esou just nach richteg gedréint

D'Team aus Nordmazedonien gouf vun engem Offiziellen nach esou just an déi richteg Richtung gedréint, well och si stounge falsch.