Inauguratioun a Presenz vun der groussherzoglecher Famill
E Samschdeg am Nomëtteg ass d'Maison du Luxembourg offiziell ageweit.
Fir d'Inauguratioun vun der Maison du Luxembourg hat sech och déi groussherzoglech Famill Rendez-vous am Stade Jean Bouin ginn. Nieft dem Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa waren och déi ierfgroussherzoglech Koppel an de Prënz Félix mat senge Kanner Amalia a Liam present.
De Sportminister Georges Mischo, de President vum Lëtzebuerger Olympesche Comité André Hoffmann an de Premier Luc Frieden hu bei de Feierlechkeeten eng Ried gehalen.
An der Maison du Luxembourg ass och e Petanque-Terrain. Hei huet sech de Grand-Duc mam Premier an dem COSL-President gemooss. De Grand-Duc huet et sech och net huele gelooss, fir eng Partie Dëschtennis mam Sportminister ze spillen.
An der Maison du Luxembourg ass déi nächst zwou Wochen donieft eng Ausstellung iwwer déi olympesch a sportlech Geschicht, donieft sinn eng Rei Eventer fir de breede Public geplangt, fir d'Lëtzebuerger Sportler a Sportlerinnen, déi zu Paräis mat dobäi sinn, ze feieren.