De Supercup geet u Bierchem bei den Hären an Diddeleng bei den Dammen
Replay vum Supercup am Dammenhandball: Diddeleng - Käerjeng
Bierchem huet sech géint Esch mat 35:31 behaapt. An enger spannender Partie bei den Dammen huet sech den HBD mat 18:16 géint Käerjeng duerchgesat.
D'Häre vun Esch waren hellwaakreg aus de Kabinne komm a louchen no 7 (5:2) an 11 Minutte (8:5) mat 3 Goler am Avantage. De Champion Bierchem huet sech awer net ofrësele gelooss a konnt de Réckstand nees ophuelen. No 25 Minutte stoung et 11:11 gläich. An der Schlussphas vun der 1. Hallschent huet Esch nach emol den Tempo erhéicht an d'Säite goufe mat engem 16:14 fir Esch gewiesselt.
No der Paus huet Bierchem d’Heft an d’Hand geholl a louch deelweis mat 4 Goler am Avantage. No ronn 40 Minutte stoung et 25:21 fir d’Réiserbänner. Esch huet reagéiert a konnt de Match an de leschte Minutten nees an den Equiliber bréngen. 5 Minutte viru Schluss stoung et 29:29 gläich. Bei Bierchem war dunn d’Effizienz awer nees zréck a ronn eng Minutt viru Schluss war de Champion beim 33:30 nees 3 Goler am Avantage. Esch huet mat enger héijer Ofwier probéiert Bierchem ënner Drock ze setzen. Et sollt awer net duergoen a Bierchem konnt d’Partie mat 35:31 fir sech entscheeden.

© Serge Olmo
Bei den Dammen hat den HBD däitlech besser an d'Partie fonnt a louch no 13 Minutte mat 4:1 a Féierung. An der Suite war Käerjeng méi effektiv an der Attack a koum Gol fir Gol erun. Kuerz virun der Paus konnt Käerjeng de Match komplett dréinen an et stoung 6:8 aus der Siicht vum HBD. Ee Gol sollt Diddeleng awer nach markéieren, esou datt et mat 8:7 fir Käerjeng an d'Kabinne goung.
No der Paus ass Käerjeng op 10:7 fortgezunn, den HBD ass awer drubliwwen a koum nees méi no erun. No 40 Minutte stoung et 12:12 gläich. Et ass hin an hir gaangen an Diddeleng huet et bis an d'Schlussphas gepackt, ee bis zwee Goler vir ze leien. Um Enn huet Diddeleng de Match knapp mat 18:16 fir sech entscheet a gewënnt de Supercup.
Replay vum Supercup am Dammenhandball: Diddeleng - Käerjeng
Ausseruerdentleche Kongress vun der FLH
Am Virfeld vum Supercup war am Handball um Samschdeg den ausseruerdentleche Kongress vun der FLH. All d’Verännerunge vun de Statutten an de Reglementer goufen um Kongress ugeholl.
De Moie gouf d’Sandra Flenghi als zweet Vizepresidentin vun der Federatioun gewielt an de Martial Veidig gouf op den Tresoriersposte gewielt.

© FLH