Esch hat zu Dikrech keng Problemer. Bei den Dammen hat de Museldall Diddeleng um Rand vun enger Néierlag.

Axa League Hären
Bal hätt de Standard zu Käerjeng fir eng Iwwerraschung gesuergt, mee um Enn gewënnt den HBK29:25 géint d’Ekipp aus der Haaptstad. An den éischte 15 Minutten hu sech d’Leit um Käerjenger Dribbel d’Ae geriwwen, well et de Standard war, deen 9:3 vir louch. Nom Timeout vum Trainer Radojevic huet Käerjeng awer nach bis zur Paus gebraucht, fir op zwee Goler erunzekommen (14:16).
Nom Säitewiessel konnt Käerjeng mat engem 6:1-Laf dann eng éischt Kéier a Féierung goen, mee de Standard huet sech net ofrësele gelooss a konnt nees ausgläichen. Bis an d’50. Minutt konnt sech keng Ekipp ofsetzen.
Dem Standard, wou de Miha Pucnik säin éischte Match fir säin neie Veräin absolvéiert huet, ass an de leschten 10 Minutten awer just nach ee Gol gelongen – dat louch och un engem staarke Käerjenger Golkipp Matush Lallemang. Sou konnt sech Käerjeng ofsetzen an de Match heem bréngen.

Den HB Esch hat beim 41:30 beim Chev Dikrech keng gréisser Problemer. Den amtéierende Coupegewënner huet vun Ufank u kloergestallt, wien déi besser Ekipp war an Dikrech keng Chance gelooss. Nodeems et an der Paus schonn 19:11 fir d’Gäscht stoung, ass den Ecart ëmmer weider gewuess, wat et den Escher erlaabt huet, och de ganz jonke Spiller Spillpraxis ze ginn.

E Freideg schonn hat sech Déifferdeng33:24 bei der EsperanceRëmeleng duerchgesat. No serréierten éischte 15 Minutte konnten d’Red Boys de Virsprong ëmmer weider ausbauen a louchen an der Paus 16:12 vir.

De Match tëscht Diddeleng a Bierchem gouf wéinst dem Diddelenger Optrëtt am European Cup verluecht. Nodeems sech den HBD um Freideg mat engem 36:36 eng gutt Ausgangspositioun verschaaft hat, gouf et um Samschdeg eng batter 38:39-Néierlag géint Raimond Sassari aus Italien. Sassari huet mam leschte Schoss an der leschter Sekonn den decisive Gol geworf. Domat ass d’Ekipp vum Trainer Martin
Hummel eliminéiert; dorun hunn och déi 14 Goler vum David Ojié Etute näischt geännert.

Nächst Woch steet fir d’Hären en duebele Spilldag um Programm.

Axa League Dammen

Bei den Damme gouf de kompletten 3. Spilldag gespillt, éier nächste Weekend wéinst zwee Test-Lännermatcher géint d’Belsch eng Paus usteet.

No enger kuerzer Schwächephas huet den HB Käerjeng souverän 34:19 beim HB Esch gewonnen. De Match hat fir d’Gäscht mat engem 8:1-Laf gutt ugefaangen, mee Esch huet sech no an no an de Match zeréckgekämpft. Well der Ekipp aus der Brauereistad an de leschte 5 Minutte virun der Paus kee Gol méi gelongen ass, konnt den HBE bis op 9:12 erukommen.
No der Paus huet virun allem d’Jil Reiter, déi am Summer vun Esch op Käerjeng gewiesselt war, mat dräi séiere Goler den negative Käerjenger Laf gebrach. Uschléissend huet de Rekordmeeschter Gol ëm Gol geschoss, an Esch hat deem näischt entgéint ze setzen.

Den HB Diddeleng huet sech seng zwee Punkten haart erkämpfe mussen. D’Ekipp vum Trainer Mikel Molitor setzt sech um Enn knapp 22:20 beim HB Museldall duerch. De Jeff Paulus, Trainer vum Museldall, schéngt seng Ekipp gutt op déi nei Saison preparéiert ze hunn. Schonn um éischte Spilldag hat den HBM Käerjeng d’Liewe schwéier gemaach.
Den amtéierende Champion huet sech de ganze Match iwwer schwéier gedoen. Zwar goung d’Ufanksphas un d’Ekipp aus der Forge du Sud, mee duerno ass de Museldall besser an de Match komm a konnt den HBD mat maximal dräi Goler op Distanz halen. Mat engem 12:10 fir d’Miselerinne goung et an d’Paus.
Am zweeten Duerchgang konnt Diddeleng séier egaliséieren, mee duerno ass d’Féierung ëmmer hin an hier gaangen. Eréischt an de leschten zwou Minutte konnt sech Diddeleng den decisive Virsprong erausspillen, fir um Enn als Gewënner vum Terrain ze goen.

D’Damme vun der Red Boys Déifferdeng gewannen hiren drëtten Auswäertsmatch hannerteneen ouni Problem 40:27 beim HC Standard. D’Clara Luise Baldin vum
Standard war mat 9 Goler bescht Scorerin, virun der Déifferdengerin Rijalda Cilovic mat 8 Goler.

Méi Krämpes wéi erwaart hat de Chev Dikrech géint den Opsteiger HC Atert Réiden, huet um Enn awer kloer 33:15 gewonnen. No serréierten éischten 30 Minutte goung et nach mat 13:9 aus Dikrecher Siicht an d’Kabinnen, mee am zweeten Duerchgang ass Réiden d’Loft ausgaangen an de Chev konnt Gol fir Gol dervunzéien.