Lëtzebuerg spillt géint Belarus 1:1 gläich
Nom Remis géint Bulgarien huet Lëtzebuerg sech den nächste Punkt géint Belarus erkämpft.
Um Dënschdeg Owend stoung de véierte Match vun der aktueller Nations-League-Campagne an der Liga C um Programm.
Ouni Zuschauer huet Lëtzebuerg an Ungarn géint Belarus 1:1 gläich gespillt.
Et war den Anthony Moris deen d'Lëtzebuerger an den éischten 30 Minutten an der Partie gehalen huet. Hie konnt en Eelefmeter an eng weider gutt Chance vun de Belarusse paréieren. Obwuel de Sinani op de Potto geschoss huet, sinn d'Säite mam 0:0 gewiesselt ginn. Kuerz no der Paus ass Belarus 1:0 vir komm, de Rodrigues konnt 12 Minutte viru Schluss awer ausgläichen. D'Rout Léiwen hunn alles probéiert, et sollt awer beim Remis bleiwen. Mat 2 Punkten bleift d'Ekipp vum Luc Holtz um Wupp vun der Tabell.
D'Reaktiounen no der Partie
De Resumé vum Match
Belarus - Lëtzebuerg 1:1
1:0 Politevich (54'), 1:1 Rodrigues (78', Eelefmeter)
D'Rout Léiwe si gutt an de Match gestart. No 2 Minutten ass de Korac no engem Fräistouss vum Sinani virum Gol opgedaucht, säin Ofschloss war awer ze harmlos. Am Opbau hunn d'Lëtzebuerger awer ëmmer nees Feeler gemaach, esou datt d'Belarusse geféierlech ëmschalte konnten. An der 10. Minutt gouf et no engem Ballverloscht en Eelefmeter fir d'Heemekipp, den D'Anzico hat e Feeler op de Gromyko gemaach. De Moris konnt de Penalty vum Gromyko awer paréieren.
An der Suite war et eng intensiv Partie an där d' Lëtzebuerger awer kaum geféierlech no vir koumen. Et waren d'Belarussen, déi an der 26. Minutt déi nächst Méiglechkeet haten. No engem Fräistouss huet de Moris op en Neits gutt paréiert an e Kappball vum Politevich a Corner deviéiert. Knapp 10 Minutte méi spéit gouf et déi bescht Geleeënheet fir d'Rout Léiwen. No engem flotte Solo huet de Sinani de Potto getraff. D'Säite sinn awer mam 0:0 gewiesselt ginn.
Nom Säitewiessel waren d'Belarussen déi dominant Ekipp um Terrain a si sinn an der 54. Minutt verdéngt duerch de Politevich no engem Corner a Féierung gaangen.
D'Lëtzebuerger waren elo vum Rullo an hate Chance, datt d'Heemekipp net méi aus hire Chance gemaach huet. An der 76. Minutt huet Lëtzebuerg sech no vir kombinéiert an den agewiesselten Omosanya huet en Eelefmeter erausgeholl. De Gerson Rodrigues konnt 12 Minutte viru Schluss vum Punkt aus ausgläichen.
Kuerz viru Schluss huet de Korac nach emol de Ball am Filet ënnerbruecht, de Gol huet awer wéinst engem Handspill net gezielt. Um Enn sollt et beim 1:1-Remis bleiwen. Fir Lëtzebuerg war et nom Remis a Bulgarien den 2. Punkt an der aktueller Nations-League-Campagne.
Weider Resultater
Liga C
Nordirland - Bulgarien 5:0
1:0 Price (15'), 2:0 Price (29'), 3:0 Mitov (32', Selbstgol), 4:0 Price (81'), 5:0 Magennis (89')
Kosovo - Zypern 3:0
1:0 Rrahmani (30'), 2:0 Krasniqi (52'), 3:0 Sahiti (71')
Litauen - Rumänien 1:2
1:0 Kucys (7', Eelefmeter), 1:1 Marin (18', Eelefmeter), 1:2 Dragus (65')
Liga A
Polen - Kroatien 3:3
1:0 Zielinski (5'), 1:1 Sosa (20'), 1:2 Sucic (24'), 1:3 Baturina (26'), 2:3 Zalewski (45'), 3:3 Szymanski (68')
Schottland - Portugal 0:0
Spuenien - Serbien 3:0
1:0 Laporte (5'), 2:0 Morata (65'), 3:0 Baena (77')
Schwäiz - Dänemark 2:2
1:0 Freuler (26'), 1:1 Isaksen (27'), 2:1 Amdouni (45+1'), 2:2 Eriksen (69')
D'Resultater vun der Nations League
Déi komplett Resultater, d'Tabellen an d'Statistike fannt Dir hei.