En Dënschdeg war Lëtzebuerg auswäerts zu Göteborg am Retourmatch vun den Nations-League-Playoffs eng weider Kéier géint Schweden gefuerdert.

Den Allersmatch gouf e Freideg den Owend um 19.30 Auer am Stade Emile Mayrisch zu Esch gespillt. Do gouf et eng 0:4-Néierlag fir d'Rout Léiwinnen.

En Dënschdeg den Owend wollten d'Lëtzebuergerinnen nees probéieren, matzespillen, ma schonn no 11 Minutte stoung et 2:0 fir d'Schwedinnen, déi d'Defense vun de Roude Léiwinne praktesch am Minuttentakt viru Probleemer gestallt hunn. No engem Foul vum Emma Kremer krut Schweden an der 27. Minutt d'Chance, vum Eelefmeterpunkt aus op 3:0 ze erhéijen. Dem Rolfö säi Schoss goung awer wäit iwwert de Gol. Nëmmen dräi Minutte méi spéit hunn d'Schwedinnen dunn nawell vum Eelefmeterpunkt aus getraff, dat nodeems d'Emma Kremer op en Neits eng Géignerin am Strofraum gefoult hat. Virun der Paus huet d'Lucie Schlimé nach dräi weider Kéiere missen hannert sech gräifen, esou datt beim Stand vun 0:6 aus Lëtzebuerger Siicht d'Säite gewiesselt goufen.

An der zweeter Hallschent, hunn d'Schwedinne wuel méi lues gemaach, ma d'FLF-Damme ware weider ouni Chance. No Goler vum Rebecka Blomqvist an der 63. a 87. Minutt ass de Match mat enger 0:8-Néierlag aus der Siicht vun de Roude Léiwinnen op en Enn gaangen.