Dammennationalekipp wënnt géint Montenegro
D'Lëtzebuerger Basket-Dammen hunn en Donneschdeg den drëtte Match vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft 2025 gespillt.
An der Arena vun der Coque um Kierchbierg huet d'Selektioun vun der FLBB viru 700 Zuschauer sensationell mat 71:49 géint Montenegro gewonnen. Duerch dës Victoire huet een eng reell Chance, fir sech an de weidere Matcher vun der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft d'nächst Joer ze qualifizéieren.
Lëtzebuerg ass staark an de Match gestart a louch an der Paus mat 46:28 a Féierung. D'Amanda Cahill huet aus der Distanz getraff, d'Ehis Etute konnt sech ënner dem Kuerf duerchsetzen an d'Anne Simon konnt vill Akzenter setzen, soudass de Géigner defensiv keen Zougrëff krut. D'Rout Léiwinnen hunn och no der Paus iwwerzeegt. De Géigner, Nummer 22 op Welt an Nummer 12 an Europa am FIBA Ranking, ass net an de Match komm a Lëtzebuerg huet de Virsprong weider ausgebaut.

Um Enn wënnt Lëtzebuerg mat 71:49 an huet domat och eng gutt Ausgangspositioun fir den direkte Vergläich am Réckmatch ze gewannen. Mat esou enger klorer Victoire hätt ee bei der FLBB-Selektioun awer net gerechent, seet och d'Ehis Etute, déi antëscht an den USA spillt:
"Ganz éierlech gesot net. Ech hat gemengt, et kéint méi knapp ginn. Ech si frou, dass mer vun Ufank un en Ënnerscheed gemaach hunn, also en Ecart gemaach hunn. An ech hunn dat net erwaart, éierlech gesot. Mä mir hunn dofir trainéiert. An et ass net, dass et onméiglech war. Mir woussten, dass et méiglech war. Also mir sinn frou ass, dass et geschitt ass. Definitiv."
Virun ronn 700 Spectateuren huet d'Amanda Cahill an der Arena vun der Coque 32 Punkten, dorënner 5 Dräier, markéiert a war domat beschte Spillerin. D'Anne Simon huet nach weider 19 Punkten zur Victoire bäigesteiert. An der Tabell huet Lëtzebuerg no dräi Spilldeeg dräi Victoiren um Kont an domat de Maximum vun de Punkten.
Um Sonndeg steet fir d'Selektioun vun der FLBB de véierte Match vun der Qualifikatioun um Programm. An der Arena vun der Coque ass vu 17 Auer un d'Schwäiz zu Gaascht. Den Allersmatch hat Lëtzebuerg auswäerts 56:48 gewonnen.
All d'Resultater a Matcher vun der Lëtzebuerger Ekipp
Schwäiz - Lëtzebuerg 48:56
Lëtzebuerg - Bosnien-Herzegowina 77:64
Lëtzebuerg - Montenegro 71:49
Um Sonndeg: Lëtzebuerg - Schwäiz
6. Februar 2025: Bosnien Herzegowina - Lëtzebuerg
9. Februar 2025: Montenegro - Lëtzebuerg
Tabell am Grupp
1. Lëtzebuerg (3 Matcher / 6 Punkten)
2. Montenegro (3 / 5)
3. Schwäiz (3 / 4)
4. Bosnien Herzegowina (3 / 3)