De Musiala rett de Bayern spéit ee Punkt géint Dortmund

© INA FASSBENDER AFP
RB Leipzig ass donieft e Mëtteg mat 1:5 géint Wolfsburg ënnert d'Rieder komm a fir Leverkusen huet de Patrik Schick déi dräi Punkte geséchert.
An der Bundesliga war e Samschdeg d'Suite vum 12. Spilldag.
E Samschdeg waren och nees eng Rei Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.
RB Leipzig ass virun den eegene Spectateure bei enger klorer 1:5-Defaite géint Wolfsburg ënnert d'Rieder komm. D'Haushäre goufe schonn no 15 Sekonne kal erwëscht a louchen no zwee weidere fréie Goler no 16 Minutten 0:3 hannen. Och no der Paus konnt Leipzig keng Reaktioun weisen, sou datt de Gaascht weider erhéicht huet. Och an der zweeter Hallschent war Wolfsburg weider besser am Match a konnt weider op 4:0 erhéijen. De Gol vum Willi Orban an der 82. Minutt huet d'Resultat dann nach ee Stéck méi schéi gemaach, un der klorer Defaite huet dat um Enn awer näischt méi geännert.
Fir de Champion Leverkusen gouf et dann en 2:1-Succès bei Union Berlin. Schonn no zwou Minutte war d'Werkself duerch ee Gol vum Jeremie Frimpong a Féierung gaangen, déi Union no enger knapper hallwer Stonn awer duerch ee Gol vum Woo-Yeong Jeong nees ausgläiche konnt. Am weidere Spillverlaf huet sech Leverkusen laang schwéier gedoen, ee Wee laanscht eng disziplinéiert géigneresch Defense ze fannen. Um Enn huet eng prezis Flank vum Florian Wirtz op de Patrik Schick den Ënnscheet gemaach, déi den tschechesche Stiermer verwäerten an domat de Match entscheede konnt.
Am Klassiker konnt Bayern e Samschdeg den Owend dann en 1:1-Remis zu Dortmund retten. D'Gäscht aus München waren onglécklech an de Match gestart. No 27 Minutte huet den Jamie Gittens ee Solo-Sprint mat engem Schoss aus spatzem Wénkel op en Enn bruecht an domat den 1:0 geschoss. Kuerz drop huet dann den Topscorer Harry Kane da misse verletzt ausgewiesselt ginn. Nom Säitewiessel huet sech den däitsche Rekordmeeschter dann awer ëmmer méi no un een eegene Gol geschafft. An der 85. Minutt huet den Jamal Musiala dann d'Erléisung bruecht a mat engem gelongene Kappball nach de Punkt gerett. D'Bayern bleiwen an dëser Bundesliga-Saison domat weider ongeschloen un der Tabellespëtzt.
An de weidere Partië vum Dag gouf et eng 3:1-Victoire vu Freiburg géint Gladbach, Augsburg huet sech doheem mat 1:0 géint Bochum duerchgesat a Bremen deelt sech mat engem 2:2 géint Stuttgart d'Punkten.