Las Palmas iwwerrascht den Tabelleleader FC Barcelona

© AFP
Fir de spueneschen Tabelleleader gouf et virun den eegene Spectateuren e Samschdeg eng 1:2-Defaite.
An den internationale Futtballchampionnater huet Las Palmas e Samschdeg fir déi gréissten Iwwerraschung gesuergt an den FC Barcelona mat 2:1 geschloen. A Frankräich huet Stade Rennes donieft St. Etienne mat 5:0 iwwerrannt an an England konnt sech Arsenal an engem opreegende Match mat 5:2 géint West Ham duerchsetzen.
E Samschdeg waren och nees eng Rei Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz.
Premier League
Crystal Palace - Newcastle 1:1
0:1 Guehi (53'), 1:1 Munoz (90+4')
West Ham - Arsenal 2:5
0:1 Gabriel (10'), 0:2 Trossard (27'), 0:3 Ödegaard (34'), 0:4 Havertz (36'), 1:4 Wan-Bissaka (38'), 2:4 Emerson (40'), 2:5 Saka (45+5')
Am Stadion vu West Ham gouf et an der éischter Hallschent mat siwe Goler ee richtegt Spektakel. De Gabriel, Trossard, Ödegaard an den Havertz haten d'Gunners schonn no 36 Minutte kloer a Féierung bruecht, op déi d'Lokalekipp mat zwee Goler bannent dräi Spillminutte reagéiere konnt. Mat engem Eelefmeter huet de Bukayo Saka an der 5. Minutt vun der Nospillzäit nach op 5:2 erhéicht. De Géigendeel war dann nom Säitewiessel ze gesinn. Quasi keen Zuch méi no vir a fréi huet ee gesinn, datt hei net méi vill geschéie géif. Arsenal bleift mat deenen dräi Punkte weiderhin op der zweeter Plaz an der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Serie A
AC Mailand - Empoli 3:0
1:0 Morata (19'), 2:0 Reijnders (44'), 3:0 Reijnders (69')
Bologna - Venedeg 3:0
1:0 Ndoye (21'), 2:0 Orsolini (69'), 3:0 Ndoye (71')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Ligue 1
Rennes - St. Etienne 5:0
1:0 Kalimuendo (39'), 2:0 Blas (45+6'), 3:0 Gouiri (53'), 4:0 Kalimuendo (61'), 5:0 Kalimuendo (67')
Brest - Stroossbuerg 3:1
1:0 Lala (12'), 2:0 Lage (45+1'), 2:1 Ouattara (85'), 3:1 del Castillo (90+2')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
La Liga
Barcelona - Las Palmas 1:2
0:1 Sandro (49'), 1:1 Raphinha (61'), 1:2 Fabio Silva (67')
Las Palmas huet sech mat enger 2:1-Victoire zu Barcelona behaapt. An enger éischter Hallschent ouni Goler hate sech d'Katalanen zimmlech schwéier gedoen a bis kuerz virun der Paus keng richteg gutt Chance Opweises. Fir den zweeten Duerchgang war elo zwar de jonke Lamine Yamal op den Terrain komm, ma och dat sollt net déi erwënscht Féierung bréngen. Déi ass et nämlech an der 49. Minutt op där anerer Säit duerch ee Gol vum Sandro ginn. De spueneschen Tabelleleader konnt dorop mam 1:1 duerch de Raphinha an der 61. Minutt äntweren. De Spillstand ass awer net all ze laang ausgeglach bliwwen, wéi de Fabio Silva kuerz drop op en Neits d'Féierung fir Las Palmas hierstelle konnt. D'Haushäre konnte bis zum Schluss vum Match keng zweet Äntwert weisen a musse sech um Enn geschloe ginn.
Espanyol - Celta Vigo 3:1
1:0 Cardona (40'), 2:0 Cabrera (53'), 2:1 Iago Aspas (83'), 3:1 Cheddira (87')