Lars Gerson verpasst den Opstig an déi 1. Liga

© AFP
Duerch eng batter 2:3-Defaite an der Finall vun den Opstig-Playoffs ass et um Enn net duergaangen, den Ticket fir d'Éischtklassegkeet ze léisen.
Sonndeg
An Norwegen heescht den Opsteiger an déi éischt Liga Moss FK. An der Finall vun den Opstig-Playoffs gouf et fir de Kongsvinger IL zesumme mam Lars Gerson eng 2:3-Defaite. Zwee Selbstgoler hunn der Defaite ee ganz batteren Nogoût ginn.
Den David Jonathans ass bei der 2:3-Defaite vum FC Den Bosch géint Dordrecht e Sonndeg vun der Bänk aus net an den Asaz komm.
An der héchster belscher Spillklass gouf et fir den Anthony Moris dräi Punkten. An Ënnerzuel konnt sech d'Union-Saint Gilloise doheem mat 2:1 géint Royal Antwerpen duerchsetzen.
Benfica huet sech e Sonndeg den Owend dann nach eng 2:0-Victoire géint den FC Arouca geséchert a bleift domat Tabellenzweeten. De Leandro Barreiro war an der 62. Minutt beim Tëschestand vun 1:0 op den Terrain komm.
Fir den Alessio Curci gouf et mat Francs Borains an der Belsch eng 1:2-Defaite géint d'U23 vum FC Bruges. De Lëtzebuerger Stiermer huet de ganze Match gespillt.
Samschdeg
An der ukrainescher Premier League ass et fir den LNZ Cherkasy keng Punkte ginn. Virun den eegene Spectateuren hu si sech mam Olivier Thill an der Starteelef misse mat 0:1 géint den NK Veres Rivne geschloe ginn.
Den 1. FC Köln huet sech an der 2. Bundesliga da mat Hannover d'Punkte gedeelt. Beim 2:2-Remis souz de Mathias Olesen déi 90 Minutten op der Bänk.
An der 3. däitscher Liga gouf et fir Erzgebirge Aue doheem dann eng batter 2:5-Defaite géint den SC Verl, bei där den Tim Kips net an den Asaz komm war.
Ee Punkt ass et fir de Laurent Jans an der belscher Challenger Pro League ginn. Beim 0:0 tëscht Beveren a Patro Eisden war de Lëtzebuerger Kapitän 70 Minutten am Asaz.
Freideg
Fir de Seid Korac gouf et an der serbescher Super Liga eng kloer 4:0-Victoire bei Novi Pazar. De Lëtzebuerger Defenseur huet de ganze Match iwwer gespillt. An der Tabell steet den FK Vojvodina no 17 Matcher op der 7. Plaz.
Am Aserbaidschan stoung de Vincent Thill nees eng éischte Kéier zanter senger Verletzung am Kader, nodeems hien am Februar un de Kräizbänner operéiert gi war. Fir den FK Sabah gouf et eng 1:0-Victoire géint den FK Sabail.
Fir den FK Sarajevo ass et an der héchster bosnescher Spillklass keng Punkte ginn. De Mirza Mustafic gouf bei der 0:1-Defaite géint Zrinjski Mostar an der 72. Minutt agewiesselt.
An der zweeter Liga an Éisträich huet sech SKN St. Pölten déi drëtt Victoire hannertenee geséchert. Mam Dirk Carlson an der Starteelef konnt ee sech virun den eegene Spectateure mat 3:0 géint den SV Lafnitz duerchsetzen.
Den Danel Sinani huet an der 1. Bundesliga weider e puer Minutte gesammelt. Beim Duell vun den zwee Opsteiger konnt sech St. Pauli um Millerntor mat 3:1 géint Holstein Kiel duerchsetzen. De Lëtzebuerger Offensivspiller war an der 74. Minutt op den Terrain komm.