Zu Péiteng hu sech um Sonndegmoien 361 Schwëmmer a Schwëmmerinne bei der „Journée de l’Amitié“ rëmfonnt. Eng Epreuve, déi hiren 41. Gebuertsdag feiert.

De Cercle Nautique de Pétange, gegrënnt am Joer 1980, ass mat 45 Joer Existenz ee vun deenen eelste Veräiner am Lëtzebuerger Schwammen. Dorobber sinn déi Péitenger besonnesch houfreg. 
Ma de Muere sinn d’Schwëmmer an d’Schwëmmerinnen am 25-Meter-Baseng am Centre Sportif Bim Diederich ob hir Käschte komm.

Bei deene verschiddenen Competitioune sinn Hären an Dammen am klenge Baseng zu Péiteng gefuerdert gewiescht.
Den Optakt hunn d'Meedercher beim 200-Meter-Medley gemaach. Eng Course wou d'Disziplinne Papillon, Réck, Bras a Kraul iwwer jeeweils 50 Meter geschwomme ginn, fir op den Total vun 200 Meter ze kommen. Duerno waren d'Jongen am Medley drun, déi sech an dësem, dach esou traditionelle Rendez-vous, beweise konnten.

Eng Rei Spectateuren hunn hire Wee och an de Süde vum Land fonnt gehat a konnte sech domadder spannend Coursen ukucken.

Et bleift also ze hoffen, dass déi Péitenger hirer Traditioun trei bleiwen an d'Journée de l’Amitié weiderhin organiséiere wäerten.